Op den Inhalt sprangen

Roh Moo-hyun

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Roh Moo-hyun
Funktioun
9. President vu Südkorea
25. Februar 2003 - 24. Februar 2008
Virgänger Kim Dae-jung
Nofollger Lee Myung-bak
Biographie
Gebuer 1. September 1946
Gestuerwen 23. Mee 2009

De Roh Moo-hyun ("Roh" ass de Familljennumm), gebuer de 6. August 1946 zu Gimhae, a gestuerwen den 23. Mee 2009 zu Yangsan, war ee südkoreanesche Politiker. Hie war tëscht Februar 2003 an dem 25. Februar 2008 President vu Südkoraea. Säin Nofollger ass de Lee Myung-bak.

De Roh huet Droit studéiert a gouf 1975 Riichter zu Daejeong. Ee Joer drop huet hie säin eegenen Affekotebureau opgemaach, dee sech op Mënscherechter spezialiséiert huet. Hie war an der Demokratiebeweegung aktiv. 1988 gouf hien an d'Gukhoe, südkoreanescht Parlament gewielt. An de Joren duerno huet hien, mat méi oder manner groussem Succès, fir verschidde politesch Ämter kandidéiert. 2000 gouf hie Fëschereiminister an zwee Joer drop gouf hie Presidentschaftskandidat fir d'Regierungspartei Millennium Democratic Party. Hien huet déi Walen am Dezember 2002 gewonnen a gouf am Februar 2003 President a Südkorea.

Et gouf Ukloe géint hie wéinst Korruptioun. Hien huet sech d'Liewe geholl, andeems e vun engem Fiels erofgesprongen ass.

Commons: Roh Moo-hyun – Biller, Videoen oder Audiodateien