Op den Inhalt sprangen

Kim Young-sam

Vu Wikipedia
Kim Young-sam
Funktioun
7. President vu Südkorea
25. Februar 1993 – 24. Februar 1998
Virgänger Roh Tae-woo
Nofollger Kim Dae-jung
Biographie
Gebuer 20. Dezember 1927
Geoje
Gestuerwen 22. November 2015
Seoul
Alter 87 Joer
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Südkorea
Educatioun Nationaluniversitéit Seoul
Aktivitéit Politiker
Gielercher Grand-croix vum Ordre de mérite vun der Republik Polen, Orden del Merito Civil, Uerde vun der Sonn vum Peru, Orden al Mérito de Chile, Stär vu Rumänien
Bestuet mat Son Myung-soon (1951–2015)
Kanner Kim Hjon-čchol

De Kim Young-sam (김영삼;金泳三), gebuer den 20. Dezember 1927 als Kin Aeishan op der Insel Geojedo (deemools Japanescht Keeserräich, haut Südkorea), a gestuerwen den 22. November 2015 zu Seoul, war e südkoreanesche Politiker.

Wärend den 1970er a 1980er Jore war en ee vun de Leader vun der Oppositioun. 1987 huet e bei deenen éischten demokratesche Parlamentswale kandidéiert. Den 18. Dezember 1992 huet e géint de Kim Dae-jung d'Presidentewale gewonnen a war vum 25. Februar 1993 bis 25. Februar 1998 President vu Südkorea. No 32 Joren hat d'Land domat nees en Zivilist als Staatschef.

 Commons: Kim Young-sam – Biller, Videoen oder Audiodateien