Dominique Pire

Vu Wikipedia
Dominique Pire
Gebuertsnumm Georges Charles Ghislain Clement Pire
Gebuer 10. Februar 1910
Dinant
Gestuerwen 30. Januar 1969
Herent
Nationalitéit Belsch
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Theolog, Resistenzler
Titelbild Buch

De Réverend Père Dominique Pire (gebuer als Georges Charles Clement Ghislain Pire), gebuer zu Dinant den 10. Februar 1910, a gestuerwen zu Louvain un de Follge vun engem chirurgeschen Agrëff den 30. Januar 1969, war e belschen Theolog, Paschtouer an Dominikaner-Pater.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium am klassesche Kolléisch Notre-Dame de Bellevue zu Dinant mécht den Dominique ee Joer Philosophie a trëtt duerno de 14. September 1928 an den Dominikaneruerden am Klouschter La Sarthe zu Huy an.

Hie gëtt 1932, fir véier Joer op Roum geschéckt fir datt hie säin Theologiestudium maache konnt an deem hien och een Doktertitel gemaach huet. De 14. Juli 1934 gëtt hien zu Roum zum Geeschtleche geweit, a fiert duerno bis 1936 mat sengem Studium weider.

Wéi hien dunn zeréck an der Belsch war, huet en nach ee Joer Sozial- a Politesch Wëssenschaften zu Louvain studéiert. Duerno hält hien 10 Joer laang Philosophie- a Soziologiescoursen am Klouschter La Sarthe.

Hien ass och un de verschiddenste Sozialproblemer intresséiert, an 1938 grënnt hien de Service d'Entr'aide Familiale fir den äermste Famillen aus der Géigend vu Huy ze hëllefen.

Am Zweete Weltkrich war hien Aumônier vun der belscher Armée secrète an huet och als Agent fir de Service de renseignement geschafft, wat him déi hei ënnen opgezielt Gielercher abruecht huet.

Hien huet sech besonnesch betraff gefillt duerch déi dramatesch Situatioun vun de Flüchtlingen aus dem Zweete Weltkrich, an huet doropshin 1949 d'Organisatioun Aide aux personnes déplacées gegrënnt fir deene puer dausend Flüchtlingen déi schlecht dru waren ze hëllefen. Domat ass eng Aktioun am grousse Stil ugelaf; iwwer 18.000 Parrainagen duerch Verschécke vu Bréiwer an Hëllefspäck goufe realiséiert. Donieft goufen 4 Heemer fir eeler Flüchtlingen a 7 Europadierfer (5 an Däitschland, 1 an Éisträich an 1 an der Belsch) gegrënnt.

Gläichzäiteg lancéiert en a ganz Europa ee Kräizzuch fir l'Europe du coeur. Hie versteet dorënner: l'union de toutes les bonnes volontés par-dessus toutes les barrières (nationales, confessionnelles, sociales, linguistiques ou autres) qui divisent habituellement les humains.

Wéinst dëser Aktioun krut hien 1958 de Friddensnobelpräis, deen hie selwer awer net wéi eng Belounung gesäit, mä villméi well säi moralesche Kredit doduerch an d'Luucht gaangen ass, a fir hien éischter d'Opfuerderung war fir nach besser weider ze maachen.

Bréiwer aus der ganzer Welt déi him materiell a moralesch Misäre vun allen Zorte virun A gefouert hunn, ginn him d'Iddi wéi hie selwer seet: de mettre toutes ces bonnes volontés au service de toutes ces misères. Doropshi grënnt hien 1959 Le coeur ouvert sur le monde.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • De Père Pire krut 1958 de Friddensnobelpräis.
  • Fir säin Asaz am Zweete Weltkrich, hie war Aumônier vun der Armée secrète an Agent vum Service de renseignements krut hien:
    • Croix de guerre avec palmes
    • Médaille de la résistance avec glaives entrecroisés
    • Médaille de la guerre 40-45
    • Médaille de la reconnaissance nationale
  • Zu Huy krut d'Bréck vu Ben-Ahin säin Numm Pont Père-Pire.
  • Um Zens an der Stad gouf eng Strooss no him genannt (Rue Père Dominique Pire).

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Dominique Pire: Bâtir la Paix, an Zesummenaarbecht mam Dokter Charles Dricot, Virwuert vum Professer Robert Oppenheimer, 1966, Bibliothèque Marabout, Verviers

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georges Pire – Biller, Videoen oder Audiodateien