Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Nummkonventiounen/Aserbaidjanesch

Vu Wikipedia

D'Aserbaidjanesch Sprooch gëtt am laténgeschen Alphabet mat verschiddene Sonnerzeeche geschriwwen, déi deelweis och am Tierkesche gebraucht ginn: Ə, Ğ, İ, ı an Ş.

An der lëtzebuergescher Wikipedia gëtt d'Originalschreifweis gebraucht.

Dës Reegel gëllt fir all Uertschaftsnimm, déi keen eegestännege lëtzebuergeschen Numm hunn (z. B. Baku an net Bakı). Si gëllt grad sou fir d'Nimm vun alle Persoune mat aserbaidjanescher Nationalitéit, also och fir Persoune déi zu Sowjetzäiten an der aserbaidjanescher Republik gebuer goufe mee duerno a Russland bekannt goufen, mee net fir Persounen déi hir aserbaidjanesch Nationalitéit verluer hu wéi se eng aner ugeholl hunn oder direkt ënner enger anerer Nationalitéit gebuer sinn.

Am englesche Sproochraum ginn aserbaidjanesch Persounennimm dogéint traditionell transliteréiert, a verschidde Leit sinn ënner deer Schreifweis an der Press bekannt. Et soll een also vum englesch transliteréierten Numm eng Viruleedung op eise Lemma an Originalschreifweis maachen, an den englesch transliteréierten Numm och eng Kéier am Artikel selwer a Kursivschrëft uginn (z. B. Den İlham Əliyev (och Ilham Aliyev), gebuer...).

Et ass fakultativ, den Numm am Artikel och nach am IPA-Lautschrëftesystem an an der lëtzebuergescher Transliteratioun unzeginn.

Transliterationstabell vum aserbaidjaneschen Alphabet
Kyrillesch Latäin IPA Englesch
Translit.
Lëtz.
Translit.
1958–19911992–
А аA aɑA aA a
Б бB bbB bB b
Ҹ ҹC cJ jDj dj
Ч чÇ çCh chtsch
Д дD ddD dD d
Е еE eeE eE e
Ә әƏ əæA a
E e
Ä ä
Ф фF ffF fF f
Ҝ ҝG gɡʲG gG g
Ғ ғĞ ğɣGh ghCh ch
Һ һH hhH hH h
Х хX xxKh khCh ch
Ы ыI ıɯY yY y
И иİ iɪI iI i
Ж жJ jʒ?J j
К кK kkK kK k
Г гQ qɡG gG g
Л лL llL lL l
М мM mmM mM m
Н нN nnN nN n
О оO oɔO oO o
Ө өÖ öœO oÖ ö
П пP ppP pP p
Р рR rrR rR r
С сS ssS sS s
Ш шŞ şʃSh shSch sch
Т тT ttT tT t
У уU uuU uU u
Ү үÜ üyU uÜ ü
В вV vvV vW w
Ј јY yjY yI i
З зZ zzZ zZ z