Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Nummkonventiounen/Armenesch

Vu Wikipedia

D'armenesch Sprooch gëtt mam armeneschen Alphabet geschriwwen. Fir d'Transkriptioun kuckt d'Tabell déi hei ënnendrënner steet. Am éischte Saz bei Artikele vun armenesche Persoune soll och de Patronym genannt gi, wann e bekannt ass.

D'korrekt Duerstellung vun den Tabellen op dëser Säit erfuerdert eng Unicode-Font, déi d'armenescht Alphabet ofdeckt.

1 Groussbuschtaf Klengbuschtaf Transliteratioun (REArm) Ostarmenesch Westarmenesch 2
TranskriptiounAussprooch (IPA)TranskriptiounAussprooch (IPA)
D'Buschtawe bei der Aféierung (mat Klengbuschtawen)
1Աաaa[a]
2Բբbb[b]pp ([pʰ])
3Գգggk ([kʰ])
4Դդdd[d]tmat Aspiratioun ([tʰ])
5Եեe(j)e 3[jɛ], [ɛ]
6Զզzswéi bei Sonn ([z])
7Էէēe[ɛ]
8ԸըěeSchwa, ([ə])
9Թթt‘t4mat Aspiratioun ([tʰ])
10Ժժžsch[ʒ]
11Իիii
12Լլll[l]
13Խխxch[x]
14Ծծczouni Aspiratioun ([t͡s])dswéi ds ([d͡z])
15Կկkk[k]g[g]
16Հհhh[h]
17Ձձjds[d͡z]z[t͡sʰ]
18Ղղłgh[ʀ]
19Ճճčtsch[t͡ʃ]dsch[d͡ʒ]
20Մմmm[m]
21Յյyj 5[j]
22Ննnn[ŋ]
23Շշšsch[ʃ]
24Ոոo(w)o 6[vo], [o]
25Չչč‘tsch[t͡ʃʰ]
26Պպpp[p]b[b])
27Ջջǰdsch[d͡ʒ]tsch[t͡ʃʰ])
28Ռռr[r]
29Սսss (ss) 7[s]
30Վվvwwéi den englesche v 8 ([v])
31Տտtt[t]d[d]
32Րրrr[ɹ]
33Ցցc‘z[t͡sʰ]ds[d͡z])
34Ււww, u[u]
35Փփp‘pp ([pʰ])
36Քքk‘kk ([kʰ])
Buschtawen, déi am 13. Joerhonnert derbäikomm sinn
37 (38)Օօ 9ōo[o]
38 (39)Ֆֆff[f]
Duerch d'nei armenesch Rechtschreiwung derbäikomm
34Ուուowu[u]
37ևe͡w(j)ew 3[jɛv], [ɛv]

1 Gemengt ass hei net den Zuelwäert, mee d'Plaz am Alphabet.

2 Nëmmen ugefouert, falls et ofwäicht.

3 Am Ulaut je [jɛ], soss e [ɛ]. De Sënn vun dëser Regelung ass, datt de j bei zesummegesate Wierder ausfällt, z. B. եղբայր (ełbayr, [jɛʀ'bajɹ] (Brudfer)), awer մորեղբայր (morełbayr, [moɹɛʀ'bajɹ] (Brudder vun der Mamm)).

4 Alternativ och th, dëst ass awer haut net méi üblech. Üblech ass et nëmmen nach bei Wierder mat griicheschem Ursprong wéi կաթոլիկոս (kat‘olikos, Katholikos).

5 Alternativ och 1. i (nom Virbild vun der englescher Transkriptioun, z. B. Petrosian amplaz vu Petrosjan, dës Schreifweis ass awer am Bezuch op d'Aussprooch konfus); 2. y (a seelene Fäll och konfus, z. B. dierfte vill Leit hyut (հյութ, hyowt‘, [hjutʰ], Jus) intuitiv als [hyutʰ] liesen, hjut dogéint ass eendeiteg); 3. h (z. B. bei Hakob (Յակոբ, Yakob, [ha'kob]), der klassescher armenescher Schreifweis vu Jakob).

6 Am Ulaut wou, soss o (Ausnahmen: ո՞վ und ովքե՞ր). De Sënn vun dëser Regelung ass, datt de w bei zesummegesate Wierder ausfällt, z. B. որդի (ordi, [voɹ'tʰi] (Jong)), awer քեռորդի (k‘eṙordi, [kʰeroɹ'tʰi] (Jong vum Monni op der Mamm hirer Säit)).

7 Tëscht zwee Vokalen ss, soss s.

8 D'Aussprooch vum Buschtaf w ass meeschtens liicht anescht ([ʋ]).

9 Virun allem (an der reforméierter Schreifweis) um Ufank vun engem Wuert a bei zesummegesate Wierder, z. B. այսօր (aysōr, [aj'soɹ], haut, wuertwiertlech dësen Dag), zesummegesat aus այս (ays, [ajs], dësen/dës/dëst) a օր (ōr, [oɹ], Dag).