Wikipedia:Nummkonventiounen/Japanesch

Vu Wikipedia

Transkriptioun[Quelltext änneren]

Fir d'Transkriptioun vu japanesche Schrëftzeechen an dat laténgescht Alphabet gëtt eng modifizéiert Versioun vum Hepburn-System benotzt. D'Vokalkombinatiounen i + i an e + i gi grondsätzlech als ii an ei geschriwwen, och wann ët sech eigentlech ëm e laangen ī bzw. ē handelt.

Beispiller[Quelltext änneren]

  • お姉さん onēsan
  • 性格 seikaku
  • セーター sētā
  • 飯田 Iida
  • パーティー pātī
  • 東北 Tōhoku
  • 大船 Ōfuna
  • 新宿 Shinjuku
  • 設置 setchi
  • 関門 Kammon
  • 難波 Namba
  • 扇風機 sempūki
  • 慎一 Shin-ichi
  • 此処へ来ては行けません。 Koko e kite wa ikemasen.

Wa fir Nimm oder Begrëffer eng aner Schreifweis wäit verbreed ass (Tokio, Ranma), sou ass och dës alternativ Schreifweis zoulässeg. Am Artikel selwer sollen déi zwou kuerz ernimmt ginn, am Verlaf vum Artikel soll sech awer dann un eng gehale ginn.

Kuckt och Hepburn-System, Transkriptioun

Reiefolleg vun Nimm[Quelltext änneren]

Kuckt och Japaneschen Numm.

Bei japanesche Persounen, déi virun der Shōwa-Zäit op d'Welt komm sinn, gëtt op der lëtzebuergescher Wikipedia de Familljennumm virun de Virnumm gesat. Dëst ass déi üblech Reihefolleg am Japaneschen. Bei Persounen, déi no der Shōwa-Zäit gebuer sinn, hale mir eis un déi üblech Reihefolleg "Virnumm Familljennumm". Wann d'Persoun selwer awer eng aner Reihefolleg benotzt, oder zum Beispill Publikatiounen an enger anerer Schreifweis erauskommen, da gëtt dës Schreifweis och hei benotzt.

Beispiller[Quelltext änneren]

  • Fujiwara no Michinaga (e Politiker am Altertum) - Fujiwara ass den Numm vu sengem Klan, „no“ ass ze vergläiche mat „vun“ am lëtzebuergeschen, Michinaga ass säin Numm.
  • Oda Nobunaga (Krichshär an der Sengoku-Zäit) - Oda ass säi Familljennumm, Nobunaga säi Virnumm.
  • Haruki Murakami (Schrëftsteller) - De Virnumm steet bei him un éischter Plaz, well hien 1949, also nom Ufank vun der Shōwa-Zäit, op d'Welt komm ass, a seng Bicher och ënner dësem Auteursnumm erauskomm sinn.

Virlag[Quelltext änneren]

Bei Persounen-Artikelen, bei denen net d'Schreifweis „Virnumm Familljennumm“ benotzt gëtt, soll mat der Template:Japaneschen Numm op dësen Ëmstand higewise ginn. Dat gesäit dann sou aus:
Aus {{Template:Japaneschen Numm|Oda|Nobunaga}} gëtt

Umierkung: Bei dësem Artikel gëtt de Familljennumm virun de Virnumm vun der Persoun gesat. Dat ass déi üblech Reiefolleg am Japaneschen. Oda ass also de Familljennumm, Nobunaga ass de Virnumm.

Artikelnimm a Redirects[Quelltext änneren]

Fir den Artikelnumm ass de modifizéierten Hepburn-System mam Makron ze benotzen. Nëmme wann eng aner Schreifweis méi verbreed ass (Tokio) ass dës ze wielen. Ët sollen ëmmer Redirecte vun der anerer Schreifweis gesat ginn.

Artikelufank[Quelltext änneren]

Ët gëllen déi selwecht Reegele wéi am Chineeseschen, kuckt Wikipedia:Nummkonventiounen/Chineesesch.

Um Spaweck[Quelltext änneren]