São Paulo

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad São Paulo. Fir aner Bedeitunge vum Numm, kuckt wgl. São Paulo (Homonymie).

São Paulo ['sãu 'paulu] (port. fir hellege Paulus) ass d'Haaptstad vum brasilianesche Bundesstaat mam selwechten Numm. Se läit am Südoste vum Land, 80 km vum Atlanteschen Ozean ewech, po enger Héicht vu bal 800 m. Et ass de wichtegste Wirtschafts-, Finanz- a Kulturzentrum a Verkéiersknuet vum Land mat Universitéiten, Héichschoulen, Theateren a Muséeën.

São Paulo ass dee gréissten industrielle Ballungsraum a Latäinamerika. An der Stad selwer liewen 10,9 Millioune Mënschen (2007). D'Metropolregioun Grande São Paulo huet ronn 19,2 Milliounen Awunner(2007) op bal 8.000 Quadratkilometer an ass domat eng vun deene gréissten op der Welt an déi Stad mat de meeschtne Awunner op der südlecher Hemisphär. São Paolo ass, jee no Statistik, déi fënneft- oder sechstgréisst Stad op der Welt.

São Paulo ass, wéinst enger Immigratioun aus der ganzer Welt, multikulturell Gesellschaft, mat haaptsächlech portugiseschen, italieeneschen, däitschen, libaneeseschen a japanischen Aflëss.

São Paulo besteet aus 9 administrativen Zonen (zonas): Nordost, Nordwest, West, Zentrum-Süd, Zentrum, Südosten, Süd, Ost 01 und Ost 02, déi fir hiren Deel an 31 Ënnerprefekturen (subprefeituras) a 96 Quartieren (distritos) agedeelt sinn.

São Paulo gouf de 25. Januar 1554, dem Fest vun der Bekéierung vum Apostel Paulus, vun de jesuittesche Missiounspatere Manuel da Nóbrega a José de Anchieta ronderëm e Jesuitte-Klouschter gegrënnt. 1711 krut et d'Stadrecht. Bis an d'1870er blouf et relativ onbedeitend. Eréischt mat der rasanter Ausbreedung vum Kaffiubau goufe systematesch Verkéiersweeër am Bundesstaat ugeluecht, mat São Paolo am Zentrum.

Tëscht 1886 an 1905 sinn Honnertdausende vu Leit agewandert (virun allem Italieener, mä och Däitscher, Japaner a Libanesen. Enn vum 19. Joerhonnert koum d'Industrialiséierung dobäi, déi d'Géigend zu der gréisster Industrieregioun vum Land gemaach huet an São Paulo zu Räichtum a Gréisst verhollef hunn.

Zanter der Mëtt vum 20. Joerhonnert kommen d'Leit, déi op São Paulo wunne kommen, virun allem aus dem Nordoste vu Brasilien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: São Paulo – Biller, Videoen oder Audiodateien