Lilien
|
Kinnekslilien (Lilium regale) | |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Ofdeelung | Bléieplanzen |
| Klass | Liliopsida |
| Ënnerklass | Liliidae |
| Uerdnung | Lilienaarteger (Liliales) |
| Famill | Lilieplanzen (Liliaceae) |
| Ënnerfamill | Lilioideae |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Lilium | |
| L. | |
|
| |
D'Lilien (Lilium) sinn eng Planzegattung aus der Famill vun de Liljeplanzen (Liliaceae).
Wéinst hiren apaarte Bléie gi se a ville Kulturen als Dekoratiounsplanzen appreciéiert. Absënns an Asien gi se awer och als Liewensmëttel an als Heelplanze gebraucht.
D'Gattung huet sech vun hirem Urspronk am Himalaya aus op all Kontinenter vun der Nordhallefkugel ausgebreet, mat enger Preferenz fir klimatesch temperéiert Zonen. Haaptverbreedungsgebitt ass China, mä et fënnt ee se och an Nordamerika, Europa, am Kaukasus, Russland, bis hin zu Japan.
Et gëtt eng 110 Aarten, dovu sinn der 21 op der Rouder Lëscht.
Déi heraldesch Lilien, u sech Giel Lëtscheblummen déi mat de Lilie botanesch iwwerhaapt net Famill sinn, sinn d'Symbol vun der kinneklecher Famill a Frankräich.
D'Lilie ass doriwwer eraus e Symbol vun der Jongfra Maria, an e Symbol vun der Rengheet.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Lilien – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- GENUS LILIUM, detailräich Websäit zum Theema Lilien
- Europäesch Liljegesellschaft (ELG)
- Royal Horticultural Society Lily Group
- North American Lily Society

