Op den Inhalt sprangen

Catherine vun Alexandria

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der helleger Catherine vun Alexandria. Fir aner helleg Catherinnen, kuckt wgl. Helleg Catherine.
Catherine vun Alexandria
Déi hl. Catherine, Portrait vum Caravaggio (ëm 1595/96)
Titel
Biographie
Gebuer 287 jul.
Alexandria
Gestuerwen 305 jul.
Alexandria
Doudesursaach Käppen
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Missionnaire
Aner Informatiounen
Statut Grousse Märtyrer
Gedenkdag 25. November

D'Catherine vun Alexandria (och nach Katrin(n), Katharina, Caterina, (la) Catharina Alexandrina), „déi grouss Märtyrerin“ genannt, ass eng vun de bekanntsten Hellegen. Si gëtt an der kathoulescher an an der orthodoxer Kierch als Märtyrerin veréiert an ass eng vun de sougenannte Virgines Capitales, de véier gréissten hellege Jongfraen.

Si ass déi éischt Catherine, déi als Helleg veréiert gouf an zielt och zu de Véierzéng Nouthellegen.

D'Catherine ass eng legendär Figur a gëtt eréischt zënter dem 8. Joerhonnert veréiert.

Der Legend no war d'Catherine eng geweit Jongfra, déi sech Christus versprach hat. Si soll déi schéin Duechter vum heednesche Kinnek Costus a senger Fra Sabinella vun Zypern gewiescht sinn, déi ëm 300 n. Chr. zu Alexandria an Egypte gelieft hunn a vun engem Klausener zum Glawe gefouert ginn ass.

Wéi de Keeser Maxentius[1] d'Chrëschten zum Märtyrerdoud verurteelt huet, huet d'Catherine hie gefrot, firwat hie sech net zum Chrëschtentum bekéiere wéilt, amplaz vun de Chrëschten ze verlaangen, si sollten e Gëtzenaffer leeschten.

An enger ëffentlecher Diskussioun, op déi de Keeser seng fofzeg bescht Philosophen a Geléiert invitéiert hat, huet d'Catherine hir Argumenter fir d'Chrëschtentum presentéiert, déi sou kloer waren an ageliicht hunn, datt alle Fofzeg zum Chrëschtentum iwwergetruede sinn. Well si net fäeg waren, d'Catherine vum chrëschtleche Glawen ofzebréngen, huet de Keeser si all um Holzkoup hiriichte gelooss.

D'Keeserin Faustina war esou vun der Catherine hirer Intelligenz a Schlagfäerdegkeet beandrockt, datt si selwer an de Prisong goung fir ze probéieren, d'Catherine vun hirem Glawen ofzebréngen. Mä och dat huet net geklappt an d'Keeserin gouf och – grad wéi d'Philosophe virun hir – vun der Catherine zum Chrëschtentum bekéiert. D'Catherine gouf dunn zwielef Deeg laang gegäisselt an ouni eppes z'iessen ze kréien an engem däischtere Kerker agespaart. Si krut awer gëttlech Hëllef vun Engelen, déi hir Wonne gefleegt hunn a vun enger wäisser Dauf, déi hir Iesse bruecht huet. De Christus selwer ass och laanscht komm fir hire Glawen ze stäerken an s'op d'Martyrium ze preparéieren.

D'Instrument mat deem d'Catherine gefoltert gouf, ware véier Rieder, wou eise Staangen a schaarf Neel dru waren, a mat deem si „geriedert“ sollt ginn. Zwéi Rieder sollten d'Catherine no uewen an déi aner zwéin se no ënnen zéien, sou datt se auserneegerappt gi wier. D'Catherine huet gebiet an doropshi koum hir en Engel zur Hëllef, deen d'Folterinstrument mat esou vill Wuppes zerstéiert huet, datt 4.000 Heede mateneen ëmbruecht goufen. Schlussendlech ass d'Catherine gekäppt ginn, an aus hire Wonnen ass Mëllech amplaz vu Blutt gefloss.

Hir stierflech Iwwerreschter goufe vun Engelen op de Bierg Sinai bruecht, wou hir Reliquie 500 Joer méi spéit fonnt. Zur Éier vun der Catherine gouf d'Catherinneklouschter op där Plaz gebaut. Aus dem Sarkophag leeft konstant Ueleg eraus, vun deem gesot gëtt, e kéint Wonnen heelen.

D'Catherine vun Alexandria gëtt gemenkerhand mat den Attributer vun engem futtisse Rad, engem Buch, Schwäert an / oder Kroun duergestallt.

Der Catherine vun Alexandria hiren Dag ass de 25. November.

Si ass de Patréinesch vun de Kantone Wallis a Fribourg an de Stied Sion a Fribourg an der Schwäiz, Eindhoven an Holland, Maaseik an de Gemenge Lombeek-Sainte-Catherine a Wavre-Sainte-Catherine bei Antwerpen an der Belsch.

Si ass och d'Patréinesch vun ë. a. de

Si gëtt ugebiet:

  • géint Migränen, Kappwéi, Zongekrankheeten a Sproochbehënnerungen;
  • fir Leit erëmzefannen, déi erdronk sinn.

Fir un d'Catherine vun Alexandria z'erënneren, sinn zu Gréiwemaacher an zu Hamm an der Stad Lëtzebuerg allkéiers eng Strooss no hir genannt: Rue Ste-Catherine.

Commons: Blasius vu Sebaste – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. no der eelster Iwwerliwwerung war et de Maxentius, méi spéit geet vum Maximinus oder Maximianus rieds