Kierch Suessem
Ausgesinn
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Suessem (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Suessem | |||
Par | Par Suessem Christ Sauveur | |||
Dekanat | Süden-West | |||
Numm / Patréiner | Hl. Catherine | |||
Konsekratioun | 1738 | |||
Koordinaten | 49° 32’ 51.3’’ N 05° 55’ 36.8’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Suessem ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Suessem Christ Sauveur, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Suessem gehéiert.
Se war ursprénglech der Muttergottes geweit, spéider gouf se der helleger Catherine geweit, där hiert Fest de 25. November gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am Quartier de l'Église, net wäit vum CR175 (Nidderkuererstrooss).
De 5. Mäerz 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Gebai
[änneren | Quelltext änneren]De Chouer ass am spéitgotesche Stil gebaut. Déi bronze Konschtwierker an der Kierch stame vum Kölner Kënschtler Egino Weinert. De Mosaik vun der Dafkapell ass vum Schëfflenger Kënschtler Ady Deville. Dës Konschtwierker goufe bei der Renovéierung vun 1975 installéiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- 1636 Ubau vun der Grofekapell un de Chouer vun der Kierch. An der Grofekapell ass e Grafmonument am Renaissance-Stil, dat de Johannes Jacob von Daun géint 1630 fir säi Papp opriichte gelooss huet. An der Kapell steet och en Altor, dee 1761 aus der ofgebrannter Kapell vum Suessemer Schlass an d'Kierch iwwerfouert gouf. An der Grofekapell sinn op d'mannst véier Membere vun der Famill de Tornaco begruewen:
- Victor de Tornaco (21.9. 1885)
- Thérèse de Tornaco (29.7.1888)
- Louise-Ghislaine-Herminie-Frenande de Woelmont (31.3.1901)
- Charles de Tornaco (25.8.1908)
- 1738 war d'Konsekratioun vum Schëff a vun der Grofekapell.
- 1766 ass de Klackentuerm gebaut ginn.
- 1808 ass Suessem eng eegestänneg Par ginn, virdrun huet et zur Par Zolwer gehéiert.
- 1953 Renovéierung vun der Kierch mat neiem Säitenagank an neier säitlecher Sakristei.
- 1975 nach eng Renovéierung, besonnesch vum Chouer.
- Enn 2013/Ufank 2014, Renovéierung vun der Westenfelder-Uergel, neien Ustrach an nei Beliichtung bannen, nei Beschallungsanlag.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- J. Wildschütz am Luxemburger Wort vum 27. Mee 2014, S. 22: Kirche in Sassenheim nach 35 Jahren renoviert. Gotteshaus erstrahlt in neuem Glanz
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Suessem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Suessem
- D'Kierch op der Websäit vum Parverband Suessem
- D'Fënstere vun der Kierch vu Suessem op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- Video op Youtube aus der Serie: Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg iwwer d'Kierch zu Suessem
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).