Op den Inhalt sprangen

Fernand Kartheiser

Vu Wikipedia
Fernand Kartheiser
Pseudonym Fernand Le Chartreux
Gebuer 30. September 1959
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Duebelagent
Partei ADR
Fonctioun Deputéierten, Europadeputéierten

De Fernand Kartheiser, gebuer den 30. September 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Militärwëssenschaftler, Auteur a Politiker (ADR).

Hien huet Sozial- a Militärwëssenschaften op der École royale militaire zu Bréissel studéiert, spéider Geschicht op der Universitéit vu Montpellier.

Vun 1983 bis 1989 war hien Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi. Hien ass duerno an den diplomateschen Déngscht gaangen a war lëtzebuergeschen Ambassadeur fir Griicheland, Zypern a Rumänien.

Zanter dem 8. Juli 2009 ass hien ADR-Deputéierten fir de Walbezierk Süden an der Chamber, wuer hien 2013, 2018[1] an 2023[2] erëmgewielt gouf. 2024 huet hie fir d'Europawale kandidéiert a gouf, fir d'éischt fir en ADR-Member, an d'Europäescht Parlament gewielt, wou hie Member vun der EKR-Fraktion gouf.[3] Dofir huet hien den 11. Juni 2024 säi Chambermandat un den Dan Hardy ofginn. De 4. Juni 2025 gouf hien aus der EKR-Fraktioun erausgeheit, well en eng Woch vidrun op Invitatioun vun der Duma op Moskau gefuer ass, fir Gespréicher mat den Autoritéiten do ze féieren, a sech domat dem breede Konsens, wéinst dem russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain kee Kontakt mam russesche Regimm opzehuelen, widdersat hat.[4],[5]

De Fernand Kartheiser ass President vun der Association des hommes du Luxembourg. Hie war vun 2012 bis 2013 President vun der ADR.

De 7. Juni 2013 huet d'Lëtzebuerger Land reveléiert, datt de Kartheiser Duebelagent fir den CIA an de russesche Geheimdéngscht GRU war; dee Betraffenen huet dat op RTL Radio confirméiert[6].

Zënter dem 22. Januar 2024 ass hien ee vun de Lëtzebuerger Vertrieder an der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot an ass do Member am Grupp vun den Europäesche Konservativen an Demokratesch Allianz (EC/DA).[7]

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Claude Wolf, Gesellschaftliche Gerechtigkeit ; Interview an der Revue datéiert op den 8. Abrëll 2009, Ss. 20-23 (mat Fotoe vum Thierry Martin).
  • Dani Schumacher, Nach dem Führungswechsel bei der Reformpartei: "Keine ewige Oppositionspartei" - ADR-Parteipräsident Fernand Kartheiser bezieht Stellung ; Interview mam Luxemburger Wort, Ausgab vum 25. Abrëll 2012; S. 4 (mat enger Foto vum Michel Brumat).
 Commons: Fernand Kartheiser – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. elections.lu
  2. (fr) Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt den 10.10.2023.
  3. Diego Velazquez: "Fernand Kartheiser tritt offiziell der EKR-Fraktion bei." wort.lu, 13.06.2024. Archivéiert den 23.06.2024.
  4. id.: " 'Äußerst problematisch': Bettel kritisiert Kartheisers Moskau-Reise." wort.lu, 24.05.2025.
  5. id.: "Nach Moskau-Reise: EKR-Fraktion wirft Fernand Kartheiser raus." wort.lu, 04.06.2025.
  6. "Lëtzebuerger Land: Fernand Kartheiser war 'Duebel-Agent'". RTL.lu - 06.06.2013, 17:10 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.06.2013, 07:35.
  7. European Conservatives Group and Democratic Alliance.