Op den Inhalt sprangen

Association des hommes du Luxembourg

Vu Wikipedia
Association des hommes du Luxembourg
Rechtsform Association sans but lucratif
Ofkierzung AHL
Grënnungsdatum 18. Dezember 2005
Sëtz Kënzeg
  10, Rue Basse
President Fernand Kartheiser
Vizepresident Marcel Kutten
Sekretär Claude Schroeder
Tresorier Pascal Fournel
RCS F617
Websäit http://www.ahl.lu/

D'Association des hommes du Luxembourg (de. Luxemburgische Männervereinigung, lb. Männervereenegung Lëtzebuerg), kuerz AHL, ass eng Männervereenegung ouni Gewënnzweck, déi den 18. Dezember 2005 zu Lëtzebuerg als Association luxembourgeoise d'aide aux hommes en instance de divorce et divorcés ((de) Luxemburgische Männervereinigung der Geschiedenen und in Scheidung lebenden Männer, (lb) Lëtzebuerger Männervereenegung fir Gescheeten an a Scheedung liewent Männer), kuerz Alahidd, gegrënnt gouf[1]. D'Vereenegung huet am Februar 2006 hiren Numm geännert, an heescht elo Association des hommes du Luxembourg[2].

Zanter dem 13. Mäerz 2008 steet d'AHL an engem Kooperatiounsvertrag mat der Partei Alternativ Demokratesch Reformpartei.

Am Handelsregëster ass s'als « en procédure de dissolution administrative sans liquidation » gezeechent(Stand: Oktober 2025).

Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: gelunge Sätz; net alles ass enzyklopedesch

D'Haaptthema vum Veräin ass, datt si sech allgemeng fir den Intressi vun de Männer asetzen, wéi och d'Theemen déi vun ëffentlechen Instanzen am Hibléck op d'Chancëgläichheet tëscht Mann a Fra diskutéiert ginn, wouduerch d'AHL seng Bekanntheet zu Lëtzebuerg kritt huet.

Weiderhi këmmert sech de Veräin ëm d'Scheedungsproblematik a verfollegt d'Reformvirschléi zu de Scheedungsgesetzter ganz genee. Ganz wichteg Sujete sinn dobäi och d'Suergerecht, d'Rechter vun de Pappe bei der Ausübung vun hire Besuchs- an Ënnerbrëngungsrechter, d'Ënnerhaltsgeld, wéi och déi finanziell a steierlech Situatioun vun de getrennt liewenden oder gescheete Männer.

Och aner wichteg Theemen, léisst de Veräin net ausser Uecht: d'Problemer vun de Jongen an de Schoulen, d'Suiciden zu Lëtzebuerg, sexuell Belästegung, d'Gewalt an der Famill an doheem, d'Sécherheet op der Aarbecht, Versécherungsfroen a ganz generell nach déi Beräicher, an deene Männer a Jongen Affer vu Virurteeler oder Benodeelegunge sinn.

D'AHL wëll dobäi e wichtege Gespréichspartner vun de Lëtzebuerger Verwaltunge ginn. D'Ziler sinn: d'Verdeedegung vun den Intressie vun de Männer, d'Entwécklung an d'Ënnerstëtzung vun der Gläichheet tëscht Mann a Fra, de Kampf géint Diskriminéierung där d'Männer ausgesat sinn. Am Sënn vun deem Dokument ass ënner "Männer" all Individuum vum männleche Geschlecht, onofhängeg vum Alter, ze verstoen, d'Hëllef fir gescheet Männer, an déi déi an der Scheedung sinn, Informatioun iwwer d'Problematik vun der Scheedung an hire Konsequenzen, d'Verdeedegung vun den Intressie vun de Kanner a Männer am Scheedungsfall, d'Entwécklungshëllef an d'Wuelergoe vun de Männer an Entwécklungslänner an 'Organisatioun an d'Bedeelegung u sozialen a kulturellen Eventer.

Kooperatioun mam ADR

[änneren | Quelltext änneren]

D'AHL an hire President Fernand Kartheiser hu sech den 13. Mäerz 2008 entscheet, e Kooperatiounsvertrag mat der ADR z'ënnerschreiwen. Dee Vertrag erméiglecht, datt d'AHL Kandidaten d'Recht hunn op de Lëschte vun der ADR ze kandidéieren, wéi 7. Juni 2009 bei de Chamberswalen. Déi Entscheedung resultéiert doraus, datt eng Rëtsch Gemeinsamkeeten an de Programmer festgestallt goufen.

D'Mediepresenz ass ganz grouss. D'AHL huet sech e puermol den Interviewe vun RTL gestallt, wéi och verschidde Presseartikele vun de verschiddenste Presseorganer a politeschen Debatten.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 994: 47685-47687 vum 6. Oktober 2004.
    Cf. d'Statutenännerungen am Mémorial Nr. 2797:134236-134237 vum 20. November 2008.
  2. Cf. d'Ännerung vum Numm am Mémorial Nr. 841: 40356 vum 27. Abrëll 2006.