Alexandra Schoos

Vu Wikipedia
Alexandra Schoos
Gebuer 13. Mee 1988
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École privée Fieldgen,
Medezinesch Universitéit Wien,
Veterinärmedezinesch Universitéit Wien
Aktivitéit Fuerscher, Véidokter, Politiker
Partei ADR

D'Alexandra ("Lexy") Schoos, gebuer den 13. Mee 1988 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Déierendoktesch[2] a Politikerin (ADR).

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No hirer Première um Fieldgen (2007) huet d'Alexandra Schoos Humanmedezin op der Medezinescher Universitéit Wien studéiert an duerno, vun 2008 un, Veterinärmedezin op der Veterinärmedezinescher Universitéit an der selwechter Stad. Si huet hire Studium 2014 mat engem Master ofgeschloss[3].

D'Alexandra Schoos schafft zanter 2020 als Veterinärin am staatleche Veterinärslaboratoire zu Diddeleng[3].

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

2023 huet d'Alexandra Schoos bei de Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'ADR am Bezierk Osten – als éischt Fra fir hir Partei – an d'Chamber gewielt[2],[4].

Zënter dem 17. Mäerz 2024 ass si Parteipresidentin vum ADR.[5]

Privates[änneren | Quelltext änneren]

D'Alexandra Schoos ass d'Duechter vum fréieren ADR-Politiker a Parteipresident Jean Schoos.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alexandra Schoos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)AlexandraSchoos. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-27.
  2. 2,0 2,1 (fr)60 députés élus, dont 13 nouveaux visages à la Chambre. virgule-online (2023-10-10). Gekuckt de(n) 2023-10-10.
  3. 3,0 3,1 (en)Alexandra Schoos. www.linkedin.com. Gekuckt de(n) 11.10.2023.
  4. (fr)Résultats détaillés - Est. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 11.10.2023.
  5. (lb)Nationalkongress zu Gréiwemaacher: Kampf géint de WOKE: ADR mat klorer Missioun. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-03-17.