École privée Fieldgen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Foto gewënscht
Camera-photo.svg
Wann Dir eng selwer gemaache Foto vun dëser Persoun oder vun dësem Objet hutt, déi Dir wëllt zur Verfügung stellen, da
klickt hei fir s'eropzelueden

D'École privée Fieldgen ass eng lëtzebuergesch kathoulesch Privatschoul fir Meedercher an der Stad Lëtzebuerg an der Antwerpenerstrooss am Garer Quartier. Se gehéiert dem Uerde vun de Schwëstere vun der Doctrine Chrétienne.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Op Ufro vum Staatsminister a Regierungspresident Paul Eyschen hunn d'Soeurs de la Doctrine chrétienne d'Ecole ménagère agricole gegrënnt, déi de 15. Oktober 1891 an der Villa Simonis zu Gaasperech opgaangen ass.

D'Meedercher vum Land sollten eng theoretesch a praktesch Ausbildung kréien, fir doheem um Haff fir e bëssen neie Wand ze suergen an Zoustänn ze verbesseren. 1893 gouf den Terrain "um Fieldgen" an der Antwerpenerstrooss kaaft. Deemools louch dat nach wäit virun der Stad, d'Nei Bréck an d'Nei Avenue gouf et nach net. Mä et war kamoud, datt d'Gare net wäit ewech war, well domat gerechent gouf, datt d'Meedercher alt och mam Zuch vu méi wäit géife kommen. Ausserdeem war et wichteg, genuch Plaz ronderëm d'Schoul ze hunn, well bei d'Gebai selwer koum nach e klenge Muster- an Übungsbtetrib dobäi mat Kéi, Schwäin, Hénger, enger Molkerei an engem Geméisgaart.

1894 gouf dat éischt Gebai an der Antwerpenerstrooss gebaut an 1908 erweidert. Zur Schoul gehéieren de "Pensionnat de la Ste Famille" an d'"Ecole menagère". Eng 15 Schwëstere këmmere sech em 98 Schülerinnen.

Während dem Zweete Weltkrich gouf d'Schoul 1941-1944 vun den Nazie konfiskéiert, déi do eng "staatliche Zubringerschule zur Lehrerbildungsanstalt", dann eng "Lehrerinnenbildungsanstalt" ageriicht hunn. Am November 1944 konnten d'Schwësteren de Schoulbetrieb nees deelweis weiderféieren, si hu Flüchtlinge vun der Musel a vu Virton opgeholl an haten en amerikanesche Radiossender aquartéiert.

Tëscht 1949 an 1953 goufen déi zwéin nei Flilleken A an C gebaut. De Bâtiment A gouf 1953-1963 un de Staat verlount fir d'"École normale d'institutrices", d'Léierinnenormalschoul.

1985 gouf mat der Konstruktioun vun enger neier Turnhal mat enger ënnerierdescher Déifgarage ugefaangen, déi 1987 fäerdeg waren. 1997 war och den neie "Quartier des sciences" prett, deen um Nopeschterrain gebaut gi war a wou Chimies-, Physiks- a Biologiessäll sinn, donieft nach d'Schoulkichen an d'Bibliothéik.

2006 huet de Bau vu enger zweeter Turnhal hanner der Schoul ugefaangen (fir d'Schouljoer 2007-2008 prett), a fir d'Schouljoer 2008-2009 gouf en neit Gebai mat Klassesäll um Terrain N° 19 fäerdeg. Vun 2007 un gëtt um fréiere Parking Lahr an der Gliesener Strooss e Gebai mat enger Cafeteria a Studentenzëmmere gebaut.

Schoultypen[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Gesellschaft sech am Laf vun der Zäit verännert huet, sou huet sech och de Fieldge verännert an de jeeweilegen neien Ëmstänn ugepasst.

1891 huet d'Geschicht vum Fieldgen als Haushaltungsschoul ugefaangen, mä d'Sektioun "agricole ménagère" gëtt et scho laang net méi.

Vun 1894 un gouf et e Virbereedungscours vun 2 Joer fir d'Léierinnennormalschoul, kuerz drop e Cours fir Commerce and d'Virbereedung op den Diplom vund er "Alliance Française".

1918 krut de Fieldgen d'Erlabness, eng "Fortbildungsschule" opzemaachen a Léierinne fir Handaarbecht an Haushalt auszebilden. An den zwanzeger Jore verschwënnt d'"section agricole" lues a lues.

Vun 1929 un gouf et den "enseignement secondaire" wéi an de staatleche Lyceeën, an den "enseignement secondaire technique" als Suite vun der Haushaltungsschoul.

1953 hu se déi iewescht Lyceesklassen agefouert, soudatt d'Meedercher vun do un och hir Première am Fieldge maache konnten, wat vun 1957 un de Fall ass. Am Fieldge ginn d'Sektiounen A, B, C, D a G ugebueden, et kann ee Latäin an, als eenzege Lycée am Land, vu 5e un Algriichesch als Optiounscours maachen.

Och den enseignement technique gëtt stänneg erweidert: et gëtt haut souwuel de "régime technique" mat 13e commerce et gestion, 13e GE, 13e GI an 11e paramédicale, wéi och de "régime de technicien" an de "régime professionnel", zu deem de Modulaire, d'9e pratique an neierdéngs och d'12e auxiliaire de vie gehéieren.

De Fieldgen haut[änneren | Quelltext änneren]

De Fieldgen ass nach ëmmer, wéi zur Zäit vu senger Grënnung, eng reng Meederchesschoul. Haut gëtt et méi wéi 1.460 Schülerinnen, dovun ass knapps een Drëttel um Lycee classique. Eng 170 Proffen, vun deenen der och e puer aus dem enseignement public sinn, këmmere sech em d'Meedercher.

D'Internat ass um 3. a 4. Stack vun der Schoul. Ongeféier 60 Schülerinnen aus dem cycle inférieur an 30 aus dem cycle supérieur wunne vu Méindes bis Freides do (7e/6e/8e an Dortoiren, vu 5e/9e un an Eenzelzëmmeren) a gi vun 8 Educatricen encadréiert.

Bei d'Communauté religieuse vun der Schoul gehéieren haut véier Schwëstere vun der Doctrine Chrétienne, ënner anerem d'Sr Monique Hoffmann, Generaloberin vun der Doctrine Chrétienne Lëtzebuerg, an d'Sr Danièle Faltz.

Directrice vum Fieldgen[änneren | Quelltext änneren]

zu Gaasperch
1891 Sr Epiphanie Daleyden
1891-1894 Sr Azarie Lacaff

Um Fieldgen
1894-1926 Sr Azarie Lacaff
1926-1927 Sr St-François Fonck
1927-1933 Sr Angela Heisbourg
1933-1936 Sr Angela Heisbourg
1936-1941 Sr St-François Fonck
1941-1944 Sr Marie-Adélaïde Melchior (supérieure)
1944-1954 Sr St-François Fonck
1954-1960 Sr Xavéria Becker
1960-1966 Sr Pauline Richard
1966-1982 Sr Monique Hoffmann
1982-2012 Sr Danièle Faltz
vum 1.1.2013 un Renelde Urbain

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]