Jeff Engelen

Vu Wikipedia
Jeff Engelen
Gebuer 24. Juli 1953
Heerlen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller
Partei ADR

De Jeff Engelen, gebuer de 24. Juli 1953 zu Heerlen[1] (Provënz Limburg), ass e lëtzebuergesche Handwierksmeeschter[2], Auteur a Politiker.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Politesch Mandater[änneren | Quelltext änneren]

De Jeff Engelen ass zanter 1990 am Gemengerot vun der Gemeng Wëntger.

Hie war 1989 fir d'éischt Kandidat bei de Chamberwalen fir den deemolegen Aktiounscomité 5/6 Pensioun fir jiddwereen, krut dat éischt Chambermandat awer eréischt bei de Wale vum 14. Oktober 2018 fir d'ADR am Bezierk Norden. Bei deene vum 8. Oktober 2023[3] gouf hien erëmgewielt.

De Jeff Engelen ass President vun der ADR fir de Bezierk Norden[4].

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Jeff Engelen huet als Auteur oder Coauteur e puer Bicher iwwer d'Lokalgeschicht vun Éisleker Dierfer erausbruecht, ë. a.:

  • 2000. Association sportive Wincrange 1975 : 25 Joer ASW
  • 2008. Tratten, Tratterstrooss, Kréindel, Hannerhassel am Laf van der Zäit.
  • 2010. Fräiwëllig Pompjeeën Gemeng Wëntger : Fändelswei 2010.
  • 2015. Geméng Wëntger. Schoulfotoen van 1894-1974
  • 2016. Fotografischer Streifzug durch die Gemeinde Wintger, Balade photographique à travers la commune de Wincrange.
  • 2018. Heesdrëf. Seng Geschicht, seng Legt

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Jeff Engelen, Fiche signalétique op chd.lu, der Websäit vun der Chamber; fir d'lescht gekuckt den 30. Oktober 2018
  2. op politikercheck.lu, gekuckt den 20. Oktober 2018
  3. elections.lu.
  4. Législatives 2018, Les candidats de l'ADR op paperjam.lu, gekuckt den 20. Oktober 2018