Tom Weidig
| Tom Weidig | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
7. Dezember 1972 Esch-Uelzecht |
| Alter | 53 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
Universitéit vun Durham, Lycée Hubert-Clément, Universitéit vu Kent, Indiana University Bloomington, Imperial College London |
| Aktivitéit | Physiker, Politiker |
| Partei | ADR |
| Fonctioun | Gemengeconseiller, Deputéierten |
|
| |
Den Tom Weidig, gebuer de 7. Dezember 1972 zu Esch-Uelzecht[1] ass a lëtzebuergesche Physiker a Politiker (ADR).
Formatioun a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]No senger Première am Lycée Hubert Clément zu Esch (1992) huet den Tom Weidig säi Bachelor of Science (B.Sc.) an der Physik op der Universitéit vu Kent an op der Indiana University Bloomington gemaach. 1996 huet hie säi Master of Science (M.Sc.) an theoretescher Physik am Imperial College zu London gemaach an duerno (1999) en Doktertitel (PhD) an der Deelerchersphysik op der Universitéit vun Durham[1].
Den Tom Weidig schafft zanter 2011 beim Commissariat aux assurances[1].
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Bei de Gemengewalen 2023 gouf hie fir d'ADR an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt[2] a bei de Chamberwalen am selwechte Joer huet hien am Bezierk Zentrum fir seng Partei kandidéiert a gouf an d'Chamber gewielt[3].
Affär Weidig
[änneren | Quelltext änneren]An der Affär Weidig geet et ëm e Like, deen den Tom Weidig den 8. Februar 2025 ënner de Facebook-Kommentar vum Benotzer "De Patrick" gesat hat, dee gemengt huet "Mir mussen och hei kempfen an LGTBQ vernischten" [sic]. Dëse Bäitrag op de soziale Medien huet eng breet politesch a gesellschaftlech Opreegung ausgeléist an d'ADR an eng gewëssen Erklärungsnout bruecht.
Den 11. Februar huet de Marc Spautz an der Chamber am Numm vun der CSV, der DP, der LSAP, déi gréng, de Piraten an déi Lénk eng Resolutioun hannerluecht, déi sech géint Gewalt, Haass an Diskriminatioun geriicht huet. All Riedner hu sech kloer vum Inhalt vun dësem Post distanzéiert. D'Resolutioun, ënnerschriwwe vum Marc Spautz, Gilles Baum, Marc Baum, Taina Bofferding, Sven Clement a Sam Tanson, gouf eestëmmeg ugeholl:
– condamne fermement toutes les attaques et le soutien aux attaques, sous quelque forme que ce soit, contre les droits humains, y compris les actes de violence, les discours de haine et les discriminations dirigés contre les minorités, qui n’ont pas de place dans notre société ;
– réaffirme que les droits humains doivent être respectés et protégés.
Doropshin huet den Tom Weidig de Like geläscht an den 12. Februar 2025 op Facebook erkläert "Ech muss dee Kommentar am Äifer des Gefechts geliked hunn ouni en ze liesen an déi Aussoen domat onwëllentlech an onwëssentlech ënnerstëtzen."
D'LGBTIQ-Organisatioun Rosa Lëtzebuerg huet eng Plainte géint de Weidig an den Auteur vum urspréngleche Kommentar gemaach, wéinst dem Opruff zur Vernichtung an huet dem Weidig seng Demissioun als Deputéierte verlaangt.
D'Parteipresidenin Alexandra Schoos an aner Parteiverantwortlecher hunn dem Weidig zwar "parteischiedegend Verhalen“ virgeheit, dat "inakzeptabel" wier, awer net den Ausschloss aus der Partei verlaangt. Den Nationalkommitee vun der ADR huet de 17. Februar eng schrëftlech Verwarnung mat verschiddenen net weider preziséierte Moossname géint de Weidig gesprach, hunn hien awer net aus der Partei ausgeschloss. Ëffentlech huet d'Partei betount, de Weidig hätt sech erkläert an entschëllegt, hie wéilt kee "vernichten" an domat wier d'Affär aus der Siicht vun der Partei intern gereegelt.
DP, CSV, LSAP, déi gréng, déi Lénk an d'Piraten hunn an engem gemeinsame Bréif un d'ADR däitlech méi haart Sanktioune géint den Tom Weideg verlaangt an hunn der ADR virgeheit, déi demokratesch Wäerter z'ënnergruewen.
D'Medien an eng Rei Kommentatoren hu vun engem weidere Beispill vu Rietspopulismus an der ADR geschwat an déi liicht Sanktiounen als e Signal gedeit, datt d'ADR rietsextreem Grenziwwertrëtt dulde géif.
De 24. Juni 2026 gouf den Auteur vum Post wéinst Opruff zum Haass mat enger Geldstrof vu 1.500 € schëlleg gesprach. Hien huet och Rosa Lëtzebuerg e symbolesche Schuedenersaz vu 25 € misse bezuelen. De Weidig krut wéinst sengem Like vun der Staatsanwaltschaft eng schrëftlech Verwarnung mat dem Message, datt am Fall vun enger Widderhuelung, et ouni weider Verwarnung et zu enger strofrechtlecher Verfollgung komme kéint. Och jiddereen, deen de Kommentar geliked huet an identifizéiert gouf, krut e geschriwwenen Avertissement vum Parquet.
Quellen zur Affär Weidig
[änneren | Quelltext änneren]- Florian Javel, Tom Weidig kommt nach Anti-LGBTIQ-Like mit einer Verwarnung davon, wort.lu, 24.06.2026, gekuckt de 24.06.2026
- Ënnert Facebook-Post vum ADR-Deputéierten Tom Weidig: Auteur vun Haass-Kommentar géint LGBTQ-Communautéit zu Geldstrof verurteelt, rtl.lu, 24.06.2026, gekuckt de 24.06.2026
- Dépôt dʼune résolution par M. Marc Spautz, chd.lu, 64. Seance Punkt 8, Dënschdes, den 11. Februar 2025, gekuckt den 22.12.2025
- Résolution de M. Marc Spautz relative à la condamnation des attaques contre les droits humains, chd.lu, 64. Seance Punkt 16, Dënschdes, den 11. Februar 2025, gekuckt den 22.12.2025
- Video: Zolidd Kritik um Tom Weidig, Chamber stëmmt eestëmmeg Resolutioun géint Gewalt, Haass an Diskriminatioun, rtl.lu, 11.02 2025, gekuckt den 22.12.2025
- "Absolut inakzeptabel",Tom Weidig entschëllegt sech fir Like op LGBTQIA+-feindleche Kommentar, Radio 100,7, 11.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- facebook-Post vum Tom Weidig, den 12. Februar 2025 um 10:20, gekuckt den 22.12.2025
- Communiqué de presse: Rosa Lëtzebuerg porte entre autre plainte contre l’auteur d’un commentaire haineux et le député Tom Weidig, rosa-letzebuerg.lu, 12.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- Podcast „On the Record“, Ee Like, deen déif blécke léisst, reporter.lu On The Record, 14.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- "Mausgerutscht", d'Lëtzebuerger Land, 14.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- Chamber könnte nach Weidig-Eklat Verhaltensregeln verschärfen, wort.lu, 14.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- Nach Like von Kommentar, Parteien fordern „notwendige Sanktionen“ gegen Tom Weidig, wort.lu, 15.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- Sanktioune géint Tom Weidig? Adr Nationalkommitee ënner Drock, play.rtl.lu, 17.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- No Like vu queerfeindlechem Kommentar, ADR Exekutivcomité geheit Tom Weidig "kontinuéierlech parteischiedegend Feelverhale" vir, 100komma7.lu, 17.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- Parteivorstand verwarnt Tom Weidig, reporter.lu [€], 18.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- Luxemburgs skandalumwitterter Abgeordneter behält seinen Sitz in der Partei, luxtoday.lu, 18.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- 'Red lines are being crossed' LSAP accuses ADR of tolerating far-right stance, demands party president step down, RTL today, 18.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- Umstrittener Like, Parteien finden Weidig-Sanktionen „nicht überzeugend“, wort.lu, 18.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- Like unter „LGBTQ vernichten“ADR erteilt Tom Weidig Verwarnung – Abgeordneter bleibt Parteimitglied, tageblatt.lu [€], 18.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- Im Eifer des Gefechts? Luxemburger Politiker will LGTBQ "vernichten", faz.net [€], 19.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- Christoph Bumb, Kommentar, Die ADR und die Verantwortung der Anderen, reporter.lu [€], 19.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- Florian Javel, Kommentar Die ADR kann ihren Weidig-Skandal nicht einfach totschweigen, wort.lu, 19.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
- ADR "verwarnt" Tom Weidig, woxx.lu, 21.02.2025, gekuckt den 22.12.2025
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Den Tom Weidig vun der adr am Portrait, rtl.lu, 27.11.2023
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- 1 2 3 (fr) Tom Weidig | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt den 11.10.2023.
- ↑ (fr) Luxembourg. elections.public.lu. Gekuckt den 11.10.2023.
- ↑ (fr) Résultats détaillés - Centre. elections.public.lu. Gekuckt den 11.10.2023.
