Jean-Pierre Kayser

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Kayser
Gebuer 25. Juli 1873
Méchelbuch
Gestuerwen 5. Juni 1946
Miersch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer

De Jean-Pierre Joseph Kayser, gebuer de 25. Juli 1873[1] zu Méchelbuch a gestuerwen de 5. Juni 1946 zu Miersch, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.

De Jean-Pierre Kayser ass den 10. August 1898 zum Priister geweit ginn. Bis 1908 war hie Kaploun zu Weimeschkierch an dono Paschtouer zu Rammerech (1908-1913)[2], Keel (1913-1920) [2] an Esch-Uelzecht/Sankt-Jousef (Juni 1920 - 4. Sept. 1929). Déi zwou lescht Pare schénge besonnesch schwiereg gewiescht ze sinn; am Noruff am „Wort“ heescht et nämlech:

„Die geistliche Oberbehörde betraute ihn 1913 mit der schwierigen Seelsorge in Kayl, wo er in den schlimmen Notzeiten des Krieges und der Nachkriegszeit Großes leistete. 1920–29 wurde Pfarrer Kayser mit dem aufreibendsten Posten des Bistums betraut, der Pfarrei St. Joseph in Esch-Alzette.“

Am September 1929 ass de J.-P. Kayser als Dechen op Iechternach komm, wou hie sech ëm d'Restauratioun vun der Basilika gekëmmert huet. A seng Zäit als Dechen ass d'900-Joerfeier vun der Basilika (1931) gefall[3] an déi 12. Joerhonnertfeier vum Willibrord sengem Doud. 1935 ass hie Chanoine honoraire genannt ginn. De J.-P. Kayser war President vum Opsiichtsrot vum Heliar-Institut an der Weilerbaach.[3] 1941 huet hie sech als Pensionnaire op Miersch zeréckgezunn.[4]. Hie war Chevalier am Ordre de la couronne de chêne.[3] De J.-P. Kayser ass den 8. Juni 1946 zu Méchelbuch begruewe ginn.[5]

Publikatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Kayser, J.P., 1940. Der Willibrordus-Bauverein von Echternach. In: N. Goetzinger (Hrsg.): Willibrordus. Echternacher Festschrift zur XII. Jahrhundertfeier des Todes des heiligen Willibrord. Luxemburg, St. Paulus-Druckerei, S. I-XXIII [2. unveränd. Aufl. 1958].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, M., J. Zieser & A. Koenig, 1930. Series pastorum, oder: Reihenfolge der Seelsorger der einzelnen Pfarreien des heutigen Grossherzogtums Luxemburg. Luxemburg, 180 S. + 77 S. (Veröffentl. in den Jahrgängen 1922-1929 der Zeitschrift „Ons Hémecht“).
  • Didier, N., 1940. Die berufenen Wächter am Grabe des heiligen Willibrord im 19. und 20. Jahrhundert. In: N. Goetzinger (Hrsg.): Willibrordus. Echternacher Festschrift zur XII. Jahrhundertfeier des Todes des heiligen Willibrord. Luxemburg, St. Paulus-Druckerei: 394-420, Tafel LXXIV-LXXV (Fig. 1-5). [Neuaufl. 1958].
  • Flies, J., 1979. Das andere Esch – An der Alzette. Ein Gang durch seine Geschichte. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 1302 S. [Jean-Pierre Kayser, S. 594-596].
  • Kiesel, G., 1939. Die Hüter und Betreuer des Willibrordusgrabes. Luxemburger Marienkalender 1940, S. 45-47.[6]
  • Wort, 1946. Ehrendomherr und Pfarrdechant Dr. J. P. Kayser †. Luxemburger Wort 1946-06-11, S. 2.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuerteregëster Vichten 1873, Nr. 13; Kiesel 1939; Didier 1940; Flies 1979, S. 594, also net 1874, wéi dat an der Doudesannonce (Luxemburger Wort 1946-06-06, S. 3.) an am Luxemburger Wort 1946-06-08, S. 5 (Ehrendomherr J. P. Kayser †) steet. – Am Gebuertsakt huet de Beamten dem Papp säin Numm mat «i» («Kaiser») geschriwwen; de Papp ënnerschreift awer mat «y» («Kayser»).
  2. 2,0 2,1 Blum et al. 1930.
  3. 3,0 3,1 3,2 Didier 1940.
  4. Flies 1979, S. 594.
  5. Luxemburger Wort 1946-06-08, S. 5 (Ehrendomherr J. P. Kayser †)
  6. Den Auteur vun dësem mat K. signéierten Artikel, ass de G. Kiesel; cf. Seiler, Emile, 1991. Bibliographie von Ehrendomherr Prof. Dr. Georges Kiesel. In: Zum 80. Geburtstag von Professor Georges Kiesel. Ein Leben im Dienst des heiligen Willibrord. Luxemburger Wort 1991-07-06, S. 8-9, Nr. 154.