Alexandre Koenig

Vu Wikipedia

Den Alexandre (Alexander) Koenig, gebuer de 25. September 1857 zu Veianen an do gestuerwen de 7. Januar 1933, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.[1]

De Geeschtlechen[änneren | Quelltext änneren]

Den Alexander Koenig ass 1882 zum Priister geweit ginn. Hie gouf Kaploun zu Néngsen an zu Mëtscheed, duerno Rektor am Pensionat Marienwerth bei Maastricht. Vum Mee 1895 u bis den August 1901 war hie Paschtouer zu Dénkert[2], dann zu Menster (1901-1911)[2] an zu Waldbriedemes (1911-1926)[2],[3]. Duerno huet hien zu Useldeng an zu Dikrech gelieft. Vun 1931 u war hien Aumônier am Sanatorium vu Veianen.

Den Auteur[änneren | Quelltext änneren]

De Koenig huet eng Rei Bicher a Broschüren iwwer Helleger, déi zu Lëtzebuerg veréiert ginn (Rochus, Catherine, Willibrord, Niklos, Bäerbel, Donatus, Sebastian, Anna, Hubertus, Mäerten, Maria), a soss reliéis Theeme publizéiert. Hie war Mataarbechter vu bekannte lëtzebuergeschen Zeitungen an Zäitschrëften: Luxemburger Wort, Luxemburger Sonntagsblatt, Obermosel-Zeitung, Ons Hémecht, Heimat und Mission, Organ des Vereins für christliche Kunst in der Diözese Luxemburg, Luxemburger Marienkalender. Hien huet awer och an auslänneschen Zäitschrëfte publizéiert.

Als Lokalhistoriker huet hien iwwer d'Geschicht vu Veianen a vun der Muselgéigend geschriwwen. Hien huet sech och mat der Auswanderung vu lëtzebuergesche Geeschtlechen no Amerika befaasst.

Als Pseudonym huet hien déi heiten Nimm benotzt: A.K., Paul Felix von der Mosel, Paul Felix von der Our, P. Felix von der Our, Ein Priester der Diözese, Viator.

Déi bibliographesch Referenze vun 1067 Publikatioune vum A. Koenig si beim Blum (1981) ze fannen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1997. Gedenktage: Alexander Koenig, 25. September. Lëtzebuerger Journal 1997, 25. September, S. 17.
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 1: A-L, XXXIII-756 S. (Koenig, Alexandre: S. 578-609).
  • Milmeister, Jean, 1973. Viandener Historiker. In: Vianden (Harmonie municipale de): Vianden, cité historique et musicale. Diekirch, S. 71-100.
  • Schmit, Sandra, 2011. Koenig, Alexandre. In: Luxemburger Autorenlexikon. Online-Versioun. Stand: 30.09.2011 [2] [opgeruff de 15. August 2012]. (de)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. G. Goetzinger & C.D. Conter (2007): Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, S. 339.
  2. 2,0 2,1 2,2 M. Blum, J. Zieser & A. Koenig: Series pastorum, oder: Reihenfolge der Seelsorger der einzelnen Pfarreien des heutigen Grossherzogtums Luxemburg. Luxemburg 1930, Deel 1: S. 68 (Dünkrodt), S. 161 (Mensdorf), Deel 2: S. 67 (Waldbredimus).
  3. Den 1. Februar 1926 ass de Koenig an d'“Pensioun” gaangen. D'Wort huet an enger kuerzer Notiz drop higewisen: Pfarrklerus. Dem hochwürdigen Herrn Alexander König, Pfarrer in Waldbredimus, wurde auf Verlangen ehrenvolle Entlassung aus dem Pfarramte bewilligt. Es wurden ernannt: der hochwürdige Herr Dr. Joh. Thill, Pfarrer in Zolver, zum Pfarrer in Waldbredimus, … Luxemburger Wort 1926, Nr. 36 (5. Februar), S. 3. [1]