Marcel Erpelding

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marcel Erpelding
Gebuer 1928
Gestuerwen 29. Mee 2007
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Marcel Erpelding gebuer 1928 zu Wuelper bei Konsdref, a gestuerwen den 29. Mee 2007 an der Stad Lëtzebuerg war e Politiker a fréiere Buergermeeschter vun der Gemeng Miersch.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Marcel Erpelding huet säi Studium am Iechternacher Kolléisch gemaach an huet 1953 op der ARBED als Employé ugefaangen. 1955 gouf hien Delegéierte vun den ARBED-Beamten an 1961 Generalsekretär.

Vun 1971 bis 1975 war hie Generalsekretär vun der "Entente des Caisses de Maladie des Fonctionnaires et Employés du Luxembourg". Bis 1981 war hien och Member vum Direktiounscomité vun der Union des Caisses de Maladie.

1975 huet den DP – Politiker fir d'éischt bei de Gemengewale kandidéiert. Hie war vun 1976 bis 2003 am Mierscher Gemengerot, vun 1976 bis 1981 als Schäffen, vun 1982 bis 1993 a vun 2000 bis 2003 als Buergermeeschter.