Op den Inhalt sprangen

Gustave Wilhelmy

Vu Wikipedia
Gustave Wilhelmy
Gebuertsnumm Jean Nicolas Auguste Wilhelmy
Gebuer 15. Januar 1854
Rolleng
Gestuerwen 7. Februar 1938
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Riichter
Fonctioun Buergermeeschter
Gielercher Officier vum Ordre de la couronne de chêne

De Jean Nicolas Auguste Wilhelmy oder Gustave Wilhelmy, gebuer de 15. Januar 1854 zu Rolleng (Miersch)[1], a gestuerwen de 7. Februar 1938 an der Stad Lëtzebuerg am Alter vu 84 Joer, war e lëtzebuergesche Politiker.[2]

Hie war vum 30. Dezember 1890 bis de 27. Dezember 1920 Buergermeeschter vun der Gemeng Miersch.[3],[4]

Vun 1896 bis 1914 war de Wilhelmy Deputéierten an der Chamber.[5]

De 7. Dezember 1901 gouf de Gustave Wilhelmy éischten Ersazriichter um Friddensgeriicht vum Kanton Miersch.[6]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ANLux, CT-03-02-0983, Naissances 1849-1856, Gemeng Miersch, Gebuertsregëster 1854, Akt Nr. 3.
  2. 1 2 Doudesannonce vum Gustave Wilhelmy am Luxemburger Wort vum 9. Februar 1938
  3. Memorial N°69 vun 1890 mat enger ganzer Rei vun Nominatioune vu Buergermeeschteren
  4. Historesches aus der Sektioun Rolleng op www.mersch.lu ofgeruff den 1. November 2015
  5. Als, N. & R.L. Philippart, 1994. La Chambre des Députés : histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 532/533.
  6. Memorial N°73 vun 1901 mat der Nominatioun vum Gustave Wilhelmy als 1er juge-suppléant près la justice de paix du canton de Mersch