Schlass Saint-Hubert (Sandweiler)
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schlass St-Hubert bei Sandweiler. Fir aner Schlässer mat deem Numm, kuckt wgl. Schlass Saint-Hubert. |
D'Schlass Saint-Hubert duergestallt op engem Schëld um Quellepad am Bireler Gronn | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Sandweiler |
Plaz | Bireler Gronn |
Koordinaten |
49° 37’ 34.10’’ N 06° 13’ 01.90’’ O |
Datum vum Bau | 1900 |
Ofgerappt oder zerstéiert | 1957 |
Proprietär | Auguste de Saint-Hubert |
Dat sougenannt Schlass Saint-Hubert war eng herrschaftlech Wunneng am Bireler Gronn. Et ass ëm d'Joer 1900 nieft enger Seeërei gebaut ginn. D'Schlass huet der Famill Saint-Hubert gehéiert déi an der Stad an der Schiggerisgaass eng Schiggerisfabréck bedriwwen huet.
1957 ass de Fluchhafe Lëtzebuerg vergréissert ginn, an d'Schlass ass ënner der Landepist vum Fluchhafe verschott ginn. Am Joer 1995 gouf och d'Haus vun de Kniechten, dat beim Schlass stoung, ofgerappt.
Haut ass et nach just deen am Bësch verstoppte Weier, deen un d'Schlass erënnert.