Op den Inhalt sprangen

Seminairesbierg

Vu Wikipedia
Seminairesbierg
De Seminairesbierg, vum Fetschenhaff aus gesinn
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Héicht 315 m
Koordinaten 49°36'57,53"N, 6°8'41,64"O
Vun der Jousefsstatu um Seminairesbierg a Richtung Stad gekuckt

De Seminairesbierg (oder Seminärsbierg), och alt Wurthsbierg[1] ass eng Kopp um Weimeschhaffer Plateau an der Stad Lëtzebuerg. Ronderëm leien de Milliounewee mam Malakoff Kierfecht, de Seminaire an d'Neiduerfer Strooss. E Fielsvirsprong um südwestleche Wupp vum Plateau mécht d'Grenz mam Quartier Clausen.

Ursprong vum Numm

[änneren | Quelltext änneren]

Ufank der 1870er Jore gouf een Deel vum Terrain vum Stater Bierger Dr Louis Wurth kaaft, deen do e Summerhaus baue gelooss huet. Dowéinst gouf d'Kopp am Volleksmond „Wurthsgaart“ oder „Wurthsbierg“ genannt.

Seminairesbierg

[änneren | Quelltext änneren]

De „Grousse Seminaire“ ass eréischt an de Joren 1970 - 1973 um Weimeschhaff gebaut ginn, den Numm „Seminairesbierg“ fir d'Kopp bestoung awer scho virdrun. 1875 huet Wurth de Baarmhäerzege Bridder den Terrain verkaaft a wéinst dem neie Besëtzer war d'Kopp iwwer d'Joerzéngten e beléift Ausfluchszil vun de Seminaristen déi aus dem ale Seminaire aus der Stad (bis 1930) oder vum Lampertsbierg (1930 - Uganks der 1970er Joren) dohi koumen.

Iwwerreschter vum Fort Parkhöhe

Ier den Numm „Wurthsbierg“ oder „Seminairesbierg“ opkoum, war d'Kopp mat de Flouernimm „Op der Héicht“ an „Am Déieregaart“[2] bekannt. Absënns déi lescht genannt Bezeechnung weist op den alen Déieregaart vun de Grofe vu Lëtzebuerg hin, deen de Péiter Ernest vu Mansfeld gepacht a mat an den Ëmrank vu sengem Schlass La Fontaine abezunn hat.

Nodeems d'Festung no 1867 geschleeft gouf, huet de Jean Michel Foehr, den éischte Präses vum Seminaire, Deeler vum Areal etappeweis opkaaft an se dem Seminaire 1885 vermaacht. Um fréieren Terrain vum Wurth haten d'Baarmhäerzeg Bridder e Park ugeluecht. Mat enger zweeter Schenkung 1911 ass dem Seminaire säin Ëmrank nach méi grouss ginn.

Tëscht 1970 an 1973 gouf dunn am Park den neie Priisterseminaire „Centre Jean XXIII“ gebaut. Iwwerreschter vum Reduit vum Fort Parkhöhe goufen 1970 beim Bau vum Seminaire erëmfonnt. Vun der rietser Flank bestinn nach d'Grondmaueren, déi de Plateau zur Neiduerfer Säit hi stäipen a fräileeën.

D'Jousefsstatu vum Jean Theodore Stracké

1888 gouf um hënneschten Deel vum Plateau eng Statu vum hellege Jousef ageweit, déi vum [[Däitschland|däitsch]-hollännesche Sculpteur Jean Theodore Stracké entworf gi war. Se steet op engem neogotesche Sockel vum Dikrecher Architekt Jean-Pierre Knepper.

De Botaniker François Tinant (1803 - 1853) hat sengerzäit verschidde Raritéiten um Seminairesbierg entdeckt an de Jemmy Koltz (1909 - 1989) huet déi botanesche Spezialitéiten detailléiert opgelëscht[3].

Commons: Seminairesbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. J.-J. Kariger, Florule de la capitale: Le Wurthsberg de Clausen et quelques hauteurs analogues. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois : Jg. 51, nº 62 (1957). Gekuckt de(n) 01.05.2021.
  2. op ale Kaarten als „Auf der Hoecht“ an „Im Thiergarten” agedroen
  3. Jean-Pierre Koltz, GUIDE DU BOTANISTE dans ses recherches des plantes rares ou peu répandues du Grand-Duché de Luxembourg,. a-z.lu. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (01.01.1874). Gekuckt de(n) 01.05.2021.