Jean-Pierre Knepper

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Jean-Pierre Knepper, 1851-1929

De Jean-Pierre Knepper, gebuer den 8. Juni 1851 zu Kielen, gestuerwen de 27. Juli 1929 an der Stad, war e lëtzebuergeschen Architekt an Amateur-Historiker.

No sengem Lycée an der Stad geet de Jean-Pierre Knepper op Oochen op den Technikum studéieren.

1878 gëtt hien Distriktsarchitekt zu Dikrech. Hie bleift op dëser Plaz bis zu senger Pensioun, 1921. An deenen 43 Joer huet hien net manner wéi 75 Kierchen a Kapelle gebaut a restauréiert, dorënner och déi vu Rëmeleng an Hamm.

Do donieft huet hien och geschriwwen a publizéiert, zum Beispill iwwer archeologesch Fënner zu Bäerbuerg, d'Originne vun der Veianer Buerg, hëlze Plafongen an de Kierchen, asw.

Hie war ee vun de Grënnungsmembere vum Cercle artistique de Luxembourg.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 155
  • Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 106

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial N°50 vum 23. Juli 1904 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen