Kierch Rëmeleng

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Rëmeleng
Rëmelenger Parkierch
Rëmelenger Parkierch
Uertschaft Rëmeleng
Par Rëmeleng
Dekanat Beetebuerg
Numm / Patréiner Hl. Sebastian
Konsekratioun 1896
Architekt(en) J.P. Knepper
Baujoer 1894-1896
Koordinaten 49° 27’ 39.4’’ N
06° 01’ 45’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Rëmeleng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Rëmeleng, zum Parverband Käldall, zu der Pastoralregioun Süden, zum Dekanat Beetebuerg an zu der Gemeng Rëmeleng gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Mum de la Croix Mundendi, (O. Praem) vu Keel.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Sebastian († 288), deem säi Fest den 20. Januar gefeiert gëtt.

D'Kierch steet matzen an der Uertschaft an der Grand-Rue, der N33.

Beschreiwung vum Bau[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf no de Pläng vum Architekt Jean-Pierre Knepper (1851 - 1929) am neogotesche Stil gebaut. De 26. September 1896 ass se konsekréiert ginn.

Fir de Bau goufe Steng aus der Rëmelenger Steekaul "Wäiss Koll", haut: "Carrières Blanches" (Heed), benotzt. Se huet e véiereckegen Tuerm mat véier Stäck. Den Daach vun der Tuermspëtz ass aachteckeg an huet nach véier kleng Tiermercher.

D'Haaptpaart vun der Kierch ass am Tuerm. Op all Säit vum Haaptagank sinn nieft dem Tuerm nach zwéi Säitenagäng. Iwwer der Haaptdier ass e Bild vum Jesus (Christkinnek) an de Stee gemeesselt mat den Alpha an dem Omega an engem Chronogramm:

QVI CHRISTO SERVIS, VENI QVAESO, EX CORDE OREQVE SEBASTIANVM CoLE !

Déi déck gedréckte Buschtawen, stellen d'Baujoer 1895 duer. All eenzel réimesch Zuel gëtt zesummegerechent!

Op Lëtzebuergesch: Deen, deen's du Christus déngs, w.e.g. komm, veréier den Hellege Sebastian mat Häerz a Mond!

Miwwel a Statuen[änneren | Quelltext änneren]

Priedegtstullsdaach

De monumentalen neogoteschen Héichaltor am Chouer ass 1896 am Atelier vum Konschtschräiner Jean Decker vu Munneref entstanen. An der Mëtt steet den Tabernakel mat enger Nisch just uewendriwwer, déi geduecht ass fir d'Monstranz auszestellen. Just nieft dëser Nisch sinn op béide Säiten zwéin Engelen, déi op de Knéie bieden. A véier méi schmuelen Nische stinn nach véier Engelen. Op béide Säiten ass nach eng Nisch. An där vu riets steet eng Statue vum Hellege Rochus († 1327) an op der lénkser Säit de Patréiner vun der Kierch, de Märtyrer Sebastian. Allenzwee goufe se zanter Joerhonnerten als Peschthelleg veréiert. Den Altor huet och nach geschnëtzte Biller: Fëschfang, Broutvermehrung, Melchisedek, déi lescht Owesmoolzecht, d'Affer vum Isaak duerch den Abraham. De Priedegtstull ass och räich skulptéiert. Hie besteet aus engem dräistäckege Schalldeckel an um Stull selwer sinn déi véier Statuette vun den Evangeliste mat hire Symboler. Um Réckstéck gëtt op Jesus Christus, de gudden Hiert higewisen.

Op deenen zwou Säite stinn zwéin Niewenaltär, déi am Atelier vum Rëmelenger Konschtschräiner Jean-Michel Weber († 1913) gemaach goufen. Op dem lénksen Altor si Statue vun der Maria Goretti, dem Häerz Jesu, an der réimescher Märtyrerin Agnes, ze gesinn. Op dem rietse sinn et d'Barbara, den Hellege Jousef an den Hellegen Aloysius (vu lénks no riets).

Am Chouer, deen an den 80er Jore vum leschte Joerhonnert no vir vergréissert gouf, steet den Dafsteen, den Altor, an den Ambo, déi allen dräi aus Minettsstee sinn. Den Atelier Poeckes huet dës Aarbecht ausgefouert.

Virum Chouer op der rietser Säit ass un der Säitemauer eng Skulptur vum Rëmelenger Kënschtler Albert Hames († 1989), si stellt de gekräizegte Jesus, mat der Maria, der Maria-Magdalena an dem Johannes duer, a staamt aus dem Joer 1937, d'Christusfigur ass awer am Joer 1980 nei geschaf ginn.

Just vis-à-vis hänkt un der Mauer eng Statue mat der Helleger Thérèse vu Lisieux.

Hannen an der Kierch sinn nach zwou kleng Kapellen. An enger steet eng Pietà, an an der anerer d'Helleg Barbara, d'Schutzpatréinesch vun de Biergaarbechter. An an der Haaptentrée, den Hellegen Antonius an och den Hellegen Eligius (Schutzpatréiner vun de Metallbeaarbechter).

Fir Chrëschtdag gëtt all Joer eng Krëpp opgeriicht, D'Figure sinn aus Wuess a Pabeier, se si viru kuerzem vu belsche Schwëstere restauréiert ginn.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Klackestull hänken dräi Klacken aus dem Joer 1896 déi an den Téin DES', ES' an F' Lauden. Se goufe vun der Klackegéisserei Bour & A. Guenser gegoss. Déi véiert a gréisst Klack ass der Tréischterin am Leed an dem hellege Willibrord geweit. Si gouf 1946 an der Klackegéisserei H. Rüetschi zu Aarau an der Schwäiz gegoss. Dee Cadeau verdankt d'Kierch dem Geschäftsmann Léon Berens vu Rëmeleng.[1] Déi Klack gëtt och als Bourdon bezeechent oder och nach Berensklack an ass als Merci fir d'Befreiung vu Lëtzebuerg um Enn vum Zweete Weltkrich geduecht. Se laut am Dispositiounstoun AS0.

Op Feierdeeg gëtt nach e klengt Klackespill spille gelooss.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Den Duxall mat der Uergel

Am Joer 1904 krut d'Kierch hir éischten Uergel. An engem neo-goteschen Uergelprospekt huet d'Firma Dalstein & Haerpfer vu Boulay aus Loutrengen en Haaptwierk, e Schwellwierk a Pedal mat pneumatescher Traktur gebaut mat 2 Manualer.

Vun der Uergelmanufaktur Haupt vu Lëntgen gouf d'Uergel 1954 op dräi Manualer vergréissert a krut eng elektresch Traktur. Dozou koum nach e Fräipäifeprospekt, deen ale vu 1904 gouf erhalen.

Am Joer 2000 gouf d'Uergel restauréiert. Dës Aarbechte goufe vun der Firma "Mitteldeutscher Orgelbau A. Voigt G.m.b.H. vu Bad Liebenwerda, Däitschland, gemaach.

Glasmolereien[änneren | Quelltext änneren]

D'Glasmolereie stamen aus dem bekannte Glasatelier Pierre-Hippolyte Linster (1863 - 1906) vu Munneref. Déi grouss Fënsteren aus der Rëmelenger Kierch gehéieren zu deene schéinste Leeschtungen aus dem Atelier Linster. E puer Fënstere si leider net méi do, well se entweder am Krich futti gaange sinn, oder einfach duerch e Manktem u Versteesdemech ausgetosch gi sinn. Am Chouer an op de Säite fanne mir Zeenen aus dem Liewe (Legend) vum Hellege Sebastian.

Wandmolereien[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Kierch fäerdeg gestallt war ass se bannen einfach wäiss-gro verbotzt ginn. Eréischt 1931/1932 sinn d'Wandmolereie vum Moler Nicolas Brücher entstanen. Si goufen zu engem groussen Deel nees einfach duerch en Ustrach iwwermolt. Renovéiert goufe se vum Leo Olinger vu Waasserbëlleg, et gouf probéiert se nees an deen Zoustand ze sëtzen, an deem se an den drësseger Jore vum leschte Joerhonnert waren. Zeenen aus der Bibel vum Jesus sengem Liewe si grouss duergestallt, an och aus dem Alen Testament fanne mir Biller. Laanscht d'Säitemauere sinn och nach Nimm vun den 12 Apostelen an de Motiver vun der Molerei ernimmt.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jubliäumsfeier und Orgelweihe der Pfarrei Rümelingen, 19. Dezember 1954
  • Schnell, Kunstführer Nr 2569 ISBN 3-7954-6519-2
  • Michel Schmitt, Rumelange: Eglise Saint-Sébastien, Regensburg: Schnell & Steiner, 2004 (Luxembourg: Impr. Saint-Paul), 19 Säiten, Schnell, guide d'art; Nr 2569, ISBN 3-7954-6520-6

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Rëmeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort, Nr. 31 vum 31 Januar 1947