Diskussioun:Kierch Rëmeleng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Iwwer déi rezent Restauratioun vun der Uergel musse nach Eenzelheeten ernimmt ginn. ~Wéini, wien, a wat gouf genee restauréiert. Affär ze verfollegen. --~~

Wat d'Uergel ubelangt, do kann et sinn dat déi elo 48 Regëster huet / 1954 waren et der 46 a 1904 waren et der 27. Muss nofroen! D'Uergelgehäis ass 1954 och restauréiert ginn vum André Werner vu Rëmeleng. -- Bimbam 18:30, 18 Feb 2005 (UTC)

Chronogramm[Quelltext änneren]

Mam Chronogram do klappt och eppes nët! Muss nach nofroen, ginn nët eens! Fannen einfach nët dat richtegt eraus.Och do heescht et sech ëmfroen! Bimbam 18:30, 18 Feb 2005 (UTC)

De Chronogramm ass richteg, all eenzel Zuel gëtt zesummegerechent, dat ergëtt dann d'Joerzuel, hat gemengt et misst MDCCCXCV geschriwwe sinn! Hunn e beschen am Internet nogesicht!Bimbam 14:16, 20 Feb 2005 (UTC)

An der Festbrochure vun de Fräiwëllege Pompjeeë fir d'50järegt Stëftungsfest de 4. Juli 1937 schreift e gewëssen T.M. op Säit 35 datt d'Pläng vun der haiteger Kierch vum Architekt Traus wieren, wärend d'Ausféirung vum Bau dem Erbauer vun engem Deel vum groussherzogleche Palais, dem Här Ledru, iwwerdroe goufen. Dat bäisst sech awer mat deem wat mär bis ewell an eisem Artikel stoen hunn. Sou datt ech dann och net sécher sinn, op déi aner Info, d'Rëmelenger Kierch wier eng zimmlech genee Nobildung vum Bamberger Doum, just ëm eng Arkad verkierzt, da richteg ass. Weess ee méi? --Otets 19:20, 16. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Se laut am Dispositiounstoun AS0.

Wéi soll dat ze verstoe sinn. Ech hunn nach ni eng eenzel Klack sou lauden héieren. Dispositioune si menger Meenung no op d'mannst 2 Téin. Hei schreift iergend sou e Klackenamateur vill Kabes an e kritt net op d'Fangere geklappt. --109.134.28.57 10:55, 8. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]