Jean Michel Foehr

Vu Wikipedia
Jean Michel Foehr
Gebuertsnumm Jean Baptiste Michel Foehr
Gebuer 27. Februar 1804
Iechternach
Gestuerwen 20. Februar 1887
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Priister

De Jean Baptiste Michel Foehr (Föhr), gebuer de 27. Februar 1804 zu Iechternach an do gestuerwen den 20. Februar 1887, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.

De 25. August 1839 ass hien zum Priister geweit ginn a gouf dann den 29. September 1839 Vicaire zu Iechternach. Den 29. Januar 1841 ass hie Sekretär vum Apostolesche Vikar vu Lëtzebuerg ginn. Vum 27. Februar 1845 bis den 20. Januar 1884 war hie Präses vum Seminaire. 1870 ass hie peepstlechen Éierekaploun (chapelain honoraire) an den 19. Mäerz 1871 Domprobst (prévôt du chapître) ginn.

De Jean Michel Foehr huet eng Rei vu klenge Saache verfaasst, déi vum Martin Blum opgezielt ginn.[1]

Hie war de Fils vum Hotelier Jean Foehr, de Brudder vum Lucie Foehr an de Cousin vum Jean Pierre Foehr.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxemburger Wort, 1887. † J.M. Föhr, Ehrenpräses in Echternach. Luxemburger Wort 1887, Nr. 52/53 (21./22. Februar), S. 2. [1]
  • Marien-Kalender, 1888: Zum immerwährenden frommen Andenken an zwei der verdienstvollsten Priester des Luxemburger Landes: Johann Baptist Michel Föhr und Bernard Weber.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, S. 289.
  2. Memorial B N° 32 vun 1870 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen