Brauereien zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Gebai vun der Brasserie de Luxembourg zu Dikrech
E puer lëtzebuergesch Béiermarken (2017)

D'Brauereien zu Lëtzebuerg hunn 2014 ronn 271.000 Hektoliter Béier produzéiert.[1] Domat war Lëtzebuerg d'Land mat der zweetklengster Produktioun an der Europäescher Unioun, viru Malta.[1]

Haut ginn et nieft dräi groussen industrielle Brauereien zu Wolz, zu Dikrech, an zu Nidderkäerjeng och nach e puer Mikrobrauereien zu Lëtzebuerg.

Déi Wolzer an déi Dikrecher Brauerei hunn e Musée iwwer d'Brauwiesen zu Lëtzebuerg opgemaach .

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zur Zäit vum Zollveräin goufen et zu Lëtzebuerg nach 45 Brauerei. Zesummen hu se 15.000 hl Béier produzéiert. Bei de meeschten huet et sech ëm kleng Brauereie gehandelt. Vill sinn der verschwonnen oder hu fusionéiert, fir kënnen z'iwwerliewen. D'Konkurrenz vum niddergärege Béier, deen am Zollveräin aus Däitschland importéiert ginn ass, huet d'Brauereien dozou bruecht, hir Produktioun op niddergärege Béier ëmzestellen. Dunn ass hir Produktioun eropgaangen a war 1860 mat 30.000 hl duebel sou héich wéi 1840.

1872 waren nach 32 Brauereien zu Lëtzebuerg an 1879 waren et der nach 22.[2] D'Fusiounswell ass awer virugaangen. 1900 hunn nach 12 Brauereie bestanen, si hunn iwwer 180.000 hl Béier gebraut. Nom Paul Weber, fréieren Direkter vun der Handelskammer, hu se dunn 250 Aarbechter an 200 Päerd beschäftegt.

2001 huet d'EU-Kommissioun Geldstrofe vun am Ganzen 448.000 Euro géint dräi deemoleg Brauereien verhänkt: d'Brasserie Nationale, d'Brasserie de Wiltz an d'Brasserie Battin. Si haten tëscht 1985 an 2000 e Kartell forméiert fir sech de Maart vum Béier zu Lëtzebuerg ze deelen an esou ze verhënneren, datt auslännesche Béier an d'Land kënnt. Déi véiert Brauerei aus dem Kartell, d'Brasserie de Luxembourg, krut keng Geldstrof well se déi aner bei der EU-Kommissioun verroden huet.[3]

2013 hunn d'Brauereien zu Lëtzebuerg eng 360 Leit beschäftegt an en Total vun 289.270 Hektoliter produzéiert. Par Rapport zu 2012 ass dat e Réckgang vu 4,50 % (oder enger 13.300 hl).[4]. Am Joer 2000 louch d'Produktioun nach bei 440.000 Hektoliter. Si produzéieren 9 verschidde Marken, mat am Ganzen 33 verschiddenen Zorte Béier.[4]

Aktuell Brauereien[änneren | Quelltext änneren]

Industriell Brauereien[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Brasserie de Luxembourg gouf 1871 gegrënnt an huet hire Sëtz zu Dikrech. Si braut d'Marken "Diekirch" a "Mousel". 2002 gouf si vun der belscher Interbrew opkaaft, déi spéider an der weltwäit gréisster Brauereisgrupp Anheuser-Busch InBev) opgaangen ass.[5] Si huet 2010 proposéiert, d'Produktioun vun de lëtzebuergesche Béierzorten um Dikrecher Site anzestellen an an d'Belsch ze verleeën. Dëse Plang konnt awer verhënnert ginn.
  • D'Brasserie nationale huet hire Sëtz zu Nidderkäerjeng a braut d'Marke "Bofferding" a "Battin".
  • D'Brasserie Simon ass déi klengst vun den dräi grousse Brauereien. De Familljebetrib gouf 1824 zu Wolz gegrënnt a produzéiert d'Marke "Simon Pils" an "Okult".

Mikrobrauereien[änneren | Quelltext änneren]

Fréier Brauereien[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai vun der fréierer Mouselsbrauerei a Clausen
D'Gebai vun der Brasserie Henri Funck am Neiduerf (2012), dat haut ofgerappt ass
Déi fréier Brauerei De Lannoy zu Klierf
Déi fréier Diddelenger Brauerei

Happ a Malz, Rollefaxen a Brauereispäerd am Sproochgebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Ausdréck aus dem Brauwiesen fanne mer am Lëtzebuerger Sproochgebrauch.

  • Vun engem, dee näischt bäiléiert heescht et: Bei deem ass Happ a Malz verluer,
  • Ënner engem Rollefax, dee fréier de Béier nach mat engem Päerdsgespan geliwwert hunn, stellt ee sech een décke Mann vir, meeschtens ee mat engem Béierbauch,
  • A vun engem Meedchen mat engem gudden Hënner heescht et: Hat huet een Aarsch wéi e Brauereispäerd.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Onse Be'er ass gudd - La bière et les brasseries luxembourgeoises, Confrérie Gambrinus a.s.b.l., Voluer Philippe, Lorang Claude, Obry Marc, Weiller Raymond, Zens Georges, Luxembourg, 1993, Editions Schortgen, 160 Säiten ISBN 2-87953-009-1

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brauereien zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Paperjam (online): Les brasseurs luxembourgeois ratent l'embellie (18. November 2015)
  2. Der Zollanschluss des Grossherzogtums Luxemburg an Deutschland (1842 - 1918) vum Albert Calmes S. 188
  3. Site vun der EU-Kommissioun: IP/01/1740 - Kommission verhängt Geldbußen gegen luxemburgische Brauereien (5. Dezember 2001)
  4. 4,0 4,1 wort.lu: La Brasserie Nationale ne peut pas se plaindre (25. Februar 2014, 15:24).
  5. Tageblatt (online): Verpasstes Jubiläum (18. August 2011)
  6. Ourdaller Brauerei op industrie.lu (gekuckt de 4. Januar 2017)
  7. Brasserie de Dudelange op industrie.lu (gekuckt de 4. Januar 2017)
  8. Brasserie d'Esch op industrie.lu (gekuckt den 3. Januar 2017)
  9. Brahaus de Lannoy op industrie.lu (gekuckt den 5. Januar 2017)
  10. Brasserie d'Eich op industrie.lu (gekuckt den 3. Januar 2017)
  11. Brasserie Funck-Bricher op industrie.lu (gekuckt den 3. Januar 2017)
  12. Brasserie Henri Funck op industrie.lu (gekuckt den 3. Januar 2017)
  13. Brasserie Mousel op industrie.lu (gekuckt den 3. Januar 2017)
  14. Brasserie Bofferding op industrie.lu (gekuckt den 3. Januar 2017)
  15. Brasserie Gruber op industrie.lu (gekuckt den 3. Januar 2017)