Lëtzebuerger Stadbrauerei

Vu Wikipedia
Lëtzebuerger Stadbrauerei S.A.
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 2007
Sëtz 2, rue de la Tour Jacob
L- 1831 Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Leedung Serge Libbens[1]
President vum Verwaltungsrot
Mataarbechter 2 (2016)[1]
Produit Béier
Homepage www.clausel.lu

D'Lëtzebuerger Stadbrauerei (eege Schreifweis: „Letzebuerger Stad Brauerei“, gekierzt „LSB“)[2] ass eng Mikrobrauerei a Clausen an der Stad Lëtzebuerg. Si braut d'Béiermark „Clausel“.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Brasserie Mousel, déi zënter 1825 a Clausen Béier gebraut huet, huet am Joer 2000 mat der Dikrecher Brauerei zur Brasserie de Luxembourg fusionéiert. Am selwechte Joer ass d'Produktioun vun der Béiermark „Mousel“ op Dikrech verluecht ginn an d'Brauerei a Clausen huet zougemaach. E puer Joer méi spéit huet de Serge Libens, Generaldirekter vun der Firma M Immobilier, déi d'Gebaier vun der fréierer Mouselsbrauerei verwalt, d'Lëtzebuerger Stadbrauerei lancéiert. Si huet 2007 mam Betrib an der fréierer Mouselsbrauerei a Clausen ugefaangen[3]. De Braumeeschter war de Jakob Sehr aus der Äifel[4],[5]

D'Lëtzebuerger Stadbrauerei produzéiert de Béier „Clausel“. Deen Numm ass d'Kontraktioun vu „Clausen“ a „Mousel“.

Distillerie Mansfeld[änneren | Quelltext änneren]

Zënter 2013 gëtt et an de selwechte Raim, an deenen och de Béier gebraut gëtt, ënner dem Numm vun der Distillerie „Mansfeld“ och Wodka an Gin produzéiert. Am éischte Joer si 5.000 Fläschen op de Maart bruecht ginn[6].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Exercice du 01/01/2016 au 31/12/2016. www.lbr.lu (27.07.2017). Gekuckt de(n) 19.05.2021.
  2. B114762 – LETZEBUERGER STAD BRAUEREI LSB S.A.. www.lbr.lu (15.03.2006). Gekuckt de(n) 19.05.2021.
  3. De Mousel à Clausel: gescannten Zeitungsartikel op gambrinus.lu
  4. In Clausen steigt ein Phoenix aus der Asche: gescannten Artikel aus dem Tageblatt vum 12. Juli 2007 op gambrinus.lu (1)
  5. In Clausen steigt ein Phoenix aus der Asche: gescannten Artikel aus dem Tageblatt vum 12. Juli 2007 op gambrinus.lu (2)
  6. land.lu: Vodka made in Lux(e) (17. Januar 2014)