Wodka

Vu Wikipedia
Verschidden Zorte Wodka

De Wodka oder Vodka ass en distilléiert Gedrénks, dat haaptsächlech aus Waasser an Ethanol besteet. Wodka huet generell net wéi déi aner héichprozenteg Alkoholen e Bouquet, en Aroma oder e spezielle Goût, mä ass éischter neutral a reng. Dofir gëtt en dacks gebraucht fir Cocktailer ze mixen, wéi am Wodka Martini, Cosmopolitan, Wodka Tonic, Wodka Orange, Black Russian a White Russian, Moscow Mule oder nach Bloody Mary. Traditionell gëtt de Wodka puer ouni Waasser oder Äis gedronk, obwuel en an de klassesche "Wodka-Länner" wéi Russland, Wäissrussland, der Ukrain, dem Baltikum, Finnland an Deeler vu Skandinavien dacks kal zerwéiert gëtt.

An der Europäescher Unioun muss Wodka en Alkoholgehalt vu mindestens 37,5%, fir dierfe sou genannt ze ginn.[1] An den USA muss deen Alkoholgehalt bei mindestens 40% leien.[2]

Fabrikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Wodka kann aus verschidden Ausgangsstoffen hiergestallt ginn. Meeschtens gëtt Kar oder Weess geholl. Gromperen oder Wäindrauwe kënnen och fir d'Fabrikatioun vun héichwäertegem Wodka gebraucht ginn.

Den éischte Schrëtt fir d'Fabrikatioun vu Wodka ass d'Gewënnung vun der Maisch, enger béierähnlecher Flëssegkeet mat nidderegem Alkoholgehalt. Dobäi gëtt de Réistoff zerklengert, mat Waasser gemëscht a liicht erhëtzt. Dobäi gëtt Stäerkt an Zocker ëmgewandelt. Zu der elo séisser Maisch gëtt Gärhief derbäigemaach, fir d'Gärung an Gang ze setzen. Bei der Gärung gëtt den Zocker an der Maisch an Alkohol ëmgewandelt, bis zu engem Gehalt vu 6 bis 7%. Beim Brenne gewënnt een dann den sougenannte Réialkohol. Gréisstendeels gëtt Wodka zweemol gebrannt, verschidden Zorte souguer dräimol. Dëse Virgank gëtt graduell widderholl fir d'Produktiounsqualitéit ze verbesseren. Zudeem gëtt dee Virgank streng iwwerwaacht fir de Wodka méiglechst geschmaachsneutral hierzestellen. Et follegen weider Filterprozesser fir onerwënscht Aromaen oder Goûten ewechzekréien. D'Qualitéit vum Filterprozess ass entscheedend fir d'Qualitéit vum Wodka.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wodka – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Europäescht Reglement No 110/2008 vum 15. Januar 2008
  2. Alcohol and Tobacco Tax and Trade Bureau vum US Department of the Treasury