Cocktail

Vu Wikipedia
Dëse Gedrénksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
En typesche Cocktail, zerwéiert an engem Cocktailglas

E Cocktail ass e Gedrénks, dat aus e puer meeschtens alkoholesche Substanzen zesummegemëscht gëtt.

An engem Cocktail fënnt ee gewéinlech eng oder méi Zorte Liqueur, do derbäi aner Liewensmëttel fir Goût ze ginn, wéi Uebst oder Uebstjus, Zocker, Mëllech oder Rahm, Gewierzer, asw. Bis an d'1970er Jore ware Cocktailer meeschtens op Basis vun Gin, Whiskey oder Rum, a méi rar Wodka. Zanter den 1980er Joren ass Wodka déi meeschtgebrauchte Grondsubstanz fir gemëscht Gedrénks. Och Gedrénks mat Kuelesaier - Spruddelwaasser oder Tonic - gëtt gär a Cocktailer gemëscht.

Den Numm Cocktail heescht op Englesch Hunneschwanz. Et gëtt eng sëllege Versich, d'Etymologie vum Numm z'erklären: Sou kéint dës Bezeechnung dorop zeréckzeféiere sinn, datt entweeder d'Schwanzplomme vun Hunnen an déi éischt Cocktailer gestach goufen, oder awer och op e Gemësch aus Absinth a Whisky, dat zu New Orleans zerwéiert gouf a coquetier - Eeërdëppchen, genannt gouf. Als aner Erklärung gëtt gesot e kéim aus der Zäit vum amerikaneschen Onofhängegkeetskrich, wéi d'Madame Washington, well alles rar war, bei enger Receptioun e Gemësch vu Jusen an Alkohol an engem Glas, garnéiert mat enger Hunneplomm zerwéiert huet, an de Lafayette, wéi en dat gesinn huet gesot soll hunn Oh, a Coq-tail, well him dat englescht Wuert fir Hunn net direkt agefall ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cocktailer – Biller, Videoen oder Audiodateien