New Orleans

Vu Wikipedia
New Orleans
The Crescent City, The Big Easy,
The City That Care Forgot
Fändel
Sigel
Land USA
Bundesstaat Louisiana
Fläch 906,099114 km²
Awunner 383.997 (2020)
Héicht 0
Zäitzon UTC−6
Koordinaten 29°58'34"N, 90°4'42"W

New Orleans ass eng Stad an de Vereenegte Staate vun Amerika am Bundesstaat Louisiana.

Geographie an Demographie[änneren | Quelltext änneren]

New Orleans läit um Mississippi am Bundesstaat Louisiana. Si ass déi gréisst Stad an dësem Bundesstaat. New Orleans ass en industriellen Zentrum, e wichtege Mierhafen an huet eng grouss Unzéiungskraaft op d'Touristen, well do spillt sech en intensiivt kulturellt Liewen of, dominéiert vun der Jazzmusek an engem gudde Kascht, mat vill Crevetten. Den Epizentrum ass de Mississippi, iwwer dee vill Croisièresschëffer ukommen, an op dem, flossopwäerts, folkloristesch Dampschëffer (Riverboats) mat Passagéier a grousser Stëmmung zirkuléieren.

Alles ass faarweg

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kolonialzäit[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad gouf 1718 vun de Fransousen ënner der Direktioun vum Jean Baptiste Le Moyne, Sieur de Bienville gegrënnt. Se gouf zu Éiere vum Regent Philippe, duc d'Orléans sou genannt, a gouf 1722 d'Haaptstad vum franséische Louisiana. Virdru war et Biloxi.

Am Joer 1763 ass d'Kolonie wéinst engem Geheimofkommes un d'Spuenier ofgetratt ginn, wat den deemolegen Awunner, déi léiwer vu Frankräich ofgehaangen hätten, staark mëssfall huet. Den 21. Mäerz 1788 goufen 856 Haiser duerch e grousst Feier zerstéiert, an zousätzlech 212 Haiser duerch e Feier am Dezember 1794.

Grouss Epidemie gouf et zu New Orleans duerch d'Ausbréch vum giele Féiwer, Malaria a Pouken. Eréischt no 1905 konnten all déi Krankheeten agedämmt ginn.

Am Joer 1795 huet Spuenien d'Vereenegt Staaten autoriséiert, den Hafen ze benotzen. D'Stad koum dunn 1803 erëm ënner franséisch Kontroll. Mä den Napoleon Bonaparte huet Louisiana fir 80 Mio. Frang un d'Vereenegt Staate verkaaft. Deemools hu nach nëmmen 8.000 Leit zu New Orleans gewunnt.

19. an 20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

New Orleans ass du staark gewuess, besonnesch duerch d'Immigratioun vu Kreolen vun Haïti. Am Joer 1812 hunn d'Englänner probéiert, fir d'Stad z'eruweren, mä d'Truppe vum André Jackson goufe Meeschter an der Schluecht vum 8. Januar 1815 nobäi Chalmette (Schluecht vun New Orleans). D'Bevëlkerung huet sech bis 1830 verduebelt an huet 1840 en Total vun 100.000 Awunner erreecht. D'Stad ass domat déi véiertgréisst Stad an den USA ginn. Bis 1849 war New Orleans d'Haaptstad vu Louisiana an erëm vun 1865 bis 1880 bliwwen. Duerno gouf Bâton-Rouge Haaptstad vum Louisiana. D'Geschicht vun der Delphine LaLeurie, eng begiddert Sozialistin, déi d'Sklave maltraitéiert huet, huet deemools vill béist Blutt a Spektakel gemaach. Am Ufank vum Sezessiounskrich gouf New Orleans ouni Widderstand vun den Unionisten (Nordisten) eruewert a blouf domat verschount, am Géigesaz zou de meeschte Stied am Süde vun den USA.

D'Weltaustellung ass 1884 zu New Orleans ofgehale ginn.

Schonn am Ufank vum 21. Joerhonnert huet d'Lag vun New Orleans, dat deelweis ënner dem Mierespigel läit, den Autoritéite grouss Suerge gemaach. Däiche sinn du gebaut ginn an d'Konstruktiounen hu sech weesentlech op déi méi héich Plaze konzentréiert. De Rescht vum Terrain war staark suppeg. Dat kann haut nach jiddweree feststellen, dee vum Mier aus vun der Mississipimündung op New Orleans zou fiert.

Eng Stad mat engem besonnesche Cachet[änneren | Quelltext änneren]

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad selwer huet 484.674 Awunner. Wann een d'Aussebezierker matrechent, kënnt een awer op en Total vun 1.337.726 Leit. An der Stad hu virun der Katastroph duerch den Hurricane Katrina 28,05% Wäisser, 67,25% Afro-Amerikaner, 0,20% sougenannt Native Americans, 2,26% Asiaten an 3,06% Hispano-Amerikaner gelieft. An den Aussebezierker wunne vill Schwaarzer a Mischlingen (Creolen). New Orleans, dat vun den amerikanesche Groussstied déi meescht Afro-Amerikaner huet, ass eng vun den äermsten an den USA. Kuckt déi däitsch Wikipediasäit iwwer den Hurricane Katrina,

Leit a Sprooch[änneren | Quelltext änneren]

Och wann New Orleans am Joer 1718, wärend der Kolonialzäit, vu Fransouse gegrënnt gouf, gëtt haut zu New Orleans kaum nach franséisch geschwat. D'Franséischt ass nëmme méi eng Etikett fir Touristen. Et ass elo eng amerikanesch Stad mat engem besonnesche Charme ginn. Hei fënnt een eng waarm, häerzeg Atmosphär, déi et soss an Amerika net gëtt. Stroossemusikanten an aner Artiste begéint een op Schratt an Tratt. D'Fuesent vun New Orleans ass gutt bekannt an zitt all Joer, besonnesch um Fuesdënsdeg, (dem Mardi Gras), vill Touristen un. Dat gëllt och fir d'Fest vum Jazz dat all Joer vun Enn Abrëll bis Ufank Mee ofgehale gëtt. D'Bourbonstreet ass eng Strooss zu New Orleans, déi e legendären Numm huet.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

En Tram

Ganz bekannt ass de French Quarter, Hie gëtt och le Vieux Carré genannt, staamt aus der franséischer a spuenescher Zäit a stéisst op de Mississippi, d' "Rempart Street", d' "Canal Street" an d' "Esplanade Avenue". D'Tramme gehéieren och zum mageschen Unzéiungspunkt vun New Orleans. Berüümt ass d'Ligne St. Charles (gréng Voituren), déi New Orleans mat dem Faubourg Carrolton verbënnt. Se besteet zanter 1893. Op der Streck duerch d'St. Charles Avenue kann en am Staddeel Garden District déi vill herrschaftlech Villaen aus dem 19. Joerhonnert bewonneren. Do gëtt et och zwou privat Universitéiten, d'Tulane- an d'Loyola Universitéit. Eng aner Streck ass d'"Riverfront"-Ligne. Zanter 2004 gëtt och d'Ligne Canal Street erëm befuer. Hei kënnt een laanscht de "City Park" mat dem "New Orleans Museum of Arts".

Well New Orleans sou déif läit, a fir der Gefor vu Seuchen op de Virzock ze kommen, gëtt et do keng gewéinlech Kierfechter. Zanter 1830 ginn déi Doudeg a Mausoléë begruewen. Déi "city of the dead" ass iwweregens eng Touristenattraktioun. D'Stad huet nämlech een eegene Stil fir d'Begriefnesser entwéckelt (Jazz-Furneral). Vun enger Marching Band gëtt den Doudegen an d'Éiwegkeet begleet.

Eng vun de gréissten Attraktiounen ass eng Faart mat engem Mississippi-Riverboat, e Dampschëff, dat vun engem oder zwee Schauterieder, ugedriwwe gëtt.

Iessen a Drénken[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad ass och fir d'gutt Iesse bekannt. D'Gamme vun de Spezialitéiten ass grouss a geet vum Po'boy (kënnt vu poor boy) a Muffaletta Sandwiche bis zu Golf-Austern an anere Fësch oder Crustacéen. Et gëtt och vill kreolesch Platen, wéi Etoufee, Jambalaya an Gumbo. D'Spezialitéit vum Méindeg-Owend besteet aus roude Boune mat Räis. (De Louis Armstrong huet seng Bréiwer dacks mat red beans and ricely yours ënnerschriwwen).

Kultur a Musek[änneren | Quelltext änneren]

New Orleans ass d'Stad vun der Musek, d'Stad vum Jazz. Kuckt och de Bäitrag aus der franséischer Wikipedia iwwer den Jazz New Orleans, deen de Louis Armstrong am Ufank vum 20. Joerhonnert mat initiéiert huet.

De Louis Armstrong war ee vun de bedeitendste Bierger vun New Orleans, eng Stad wou vill amerikanesch Museker, Artisten, Schrëftsteller an aner bedeitend Leit doheem waren, wéi:

Wuel de bekanntste Personnage vun New Orleans, de Louis Armstrong

Ekonomie a Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Industrie[änneren | Quelltext änneren]

Och wann hir Wirtschaftsaktivitéiten net méi déi selwecht Bedeitung behal hu wéi fréier, bleift dach New Orleans eng wichteg Industrie- an Handelsstadt.

Wéi Houston läit New Orleans nämlech an der Noperschaft vum Golf vu Mexiko wou d'Buerplattforme stinn a wou no Ueleg gebuert gëtt. Vill Energieproduzenten, wéi BP, Chevron, ConocoPhillips an Royal Dutch Shell hunn dofir e regionale Gesellschaftssëtz zu New Orleans.

Verkéiersverbindungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad profitéiert vum Louis Armstrong New Orleans International Airport, dee 15 km westlech vun der Stad läit. 300 Nonstop-Flich pro Dag starte vun do no allméiglech Destinatiounen an den USA, Kanada, Latäinamerikaan d'Karibik. Eng Rei vun Charterflich verbannen de Fluchhafen och mat Europa. Et gëtt zu New Orleans nach verschidde regional Fluchhäfen. An der Zentralgare gëtt et follgend Zich: De Crescent vun an op New York City, de City of New Orleans vun an op Chicago, Illinois, an de Sunset Limited vun Orlando op Los Angeles.

New Orleans huet e grousse Miereshafen, ee vun de meescht beschäftegte vun den USA, wann net vun der Welt. An der Mëtt vum 20. Joerhonnert hu Spezialunitéite vun der USA-Arméi e Kanal gebaut, deen de Golf mam Mississippi verbënnt an d'Banneschëfffaart méiglech mécht.

Naturkatastrophen[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Loftbild dokumentéiert déi riseg Iwwerschwemmungen zu deenen den Hurricane Katrina gefouert huet

Well d'Stad ënner dem Mieresspigel läit, a well d'Stierm (Hurricane) an där Regioun ganz staark sinn, ass New Orleans ëmmer erëm groussen Naturkatastrophen ausgesaat. Den Hurricane Katrina huet den 29. August 2005 vill Affer kascht a grouss Schied hannerlooss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: New Orleans – Biller, Videoen oder Audiodateien