Golf vu Mexiko

Vu Wikipedia
De Golf vu Mexiko dräidimensional gesinn

De Golf vu Mexiko (en.: Gulf of Mexico, es.: Golfo de México) ass e Mier an Nordamerika.

Ronderëm leie Mexiko (mat de Staate Yucatán, Campeche, Veracruz, Tamaulipas), d'Vereenegt Staaten (mat de Bundesstaate Florida, Alabama, Louisiana, Mississippi, Texas) an d'Insel Kuba.

Duerch d'Strooss vu Yucatan ass de Golf vu Mexiko mam Karibesche Mier verbonnen, an duerch d'Strooss vu Florida mam Atlanteschen Ozean.

Zu de gréisste Flëss, déi an de Golf vu Mexiko lafen, zielen de Mississippi, de Río Bravo/Rio Grande an de Río Grijalva. Hafestied sinn ë. a. Tampa, New Orleans, Houston, Tampico, Veracruz an Havana.

De Golfstroum huet seng Originnen am Golf vu Mexiko.

Den 20. Abrëll 2010 gouf et eng 64 Kilometer virun der Küst vu Louisiana op der Buerplattform Deepwater Horizon eng Explosioun, no där all Dag eng 800 Pëtrol an d'Mier gelaf sinn an de Golf verknascht hunn. Bei der Explosioun koumen 11 Mann ëm d'Liewen an eng ronn honnert goufe méi oder wéineger schwéier blesséiert. De 15. Juli 2010 huet de Proprietär vun der Buerplattform d'British Petroleum annoncéiert datt d'Fuite fir d'éischt zanter 88 Deeg konnt getoppt ginn.

Den 2. September 2010 war et bal nees zu enger Katastroph komm, wéi et op der Plattform Vermilion 380 déi Mariner Energy gehéiert, eng Explosioun gouf. Déi 13 Mann Besatzung konnt gerett ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Golf vu Mexico – Biller, Videoen oder Audiodateien