Rum

Vu Wikipedia
Rumen aus der Guadeloupe

De Rum gëtt aus Zockerrouer gewonnen. Fir d'éischt gëtt den Zockerrouerjus erausgepresst an duerno agekacht. Iwwreg bleift en déckflëssege Sirup, dee mat Waasser verdënnt gëtt. Duerno kënnt Hief dobäi.

De Rum gëtt dräi bis sechs Méint an Holzfässer gelagert a kritt doduerch seng brongelzeg Faarf a säi Goût. Den intensive brongen Toun kritt en allerdéngs duerch den Zousaz vun Zocker a Karamell.

De wäisse Rum gëtt a stole Fässer gelagert fir datt e seng kloer Faarf behält.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rum – Biller, Videoen oder Audiodateien