Brasserie nationale

Vu Wikipedia
Brasserie nationale (Anc. brasseries
Funck-Bricher et Bofferding) SA
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 1975
Sëtz 2 Boulevard J.-F. Kennedy
L-4930 Nidderkäerjeng
Lëtzebuerg
Leedung Raymond Martin (President Verwaltungsrot)
Georges M. Lentz Jr. (Administrateur délégué)
Frédéric de Radigues (Generaldirekter)[1]
Mataarbechter 32 (2013)[1]
Ëmsaz 158 Milliounen (2014)[2]
Branche Industrie, Handel
Produit Béier, Gedrénkshandel
Homepage bofferding.lu
battin.lu
lodyss.lu

D'Brasserie nationale (offiziell: Brasserie Nationale (Anc. brasseries Funck-Bricher et Bofferding) SA) ass eng Lëtzebuerger Entreprise mat Sëtz zu Nidderkäerjeng[3]. Si produzéiert d'Béiermarke "Bofferding", "Battin" a "Funck-Bricher", d'Mineralwaasser "Lodyss"[4] an ass am Gedrénkshandel aktiv ("Munhowen")[5].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Brasserie Nationale zu Nidderkäerjeng (Mäerz 2008).
Ze gesinn op engem vun de Gebaier vun der Brauerei.

D'Brasserie nationale ass 1975 aus der Fusioun vun de Brauereie Bofferding a Funck-Bricher als Brasserie nationale s.à r.l. entstanen. Déi aktuell Brasserie nationale gëtt et no verschiddenen Ännerungen, zanter 1998. Déi Ännerunge waren eng aner Gesellschaftsform - aus der sàrl gouf et eng S.A - a verschidde Statutenännerunge souwéi 1998 d'Opdeelung an zwou Gesellschaften, eng déi sech ënner dem Numm Brassim nëmmen ëm d'Immobilie bekëmmert an déi aktuell Brasserie nationale (Anc. Brasseries Funck-Bricher et Bofferding) déi sech exklusiv ëm d'Gedrénksproduktioun an de Gedrénkshandel bekëmmert.

Brasserie Bofferding[änneren | Quelltext änneren]

D'Brasserie Bofferding gouf am Joer 1842 vum Jean-Baptiste Bofferding gegrënnt. Zanter 1856 huet d'Brauerei Bofferding sech, trotz der grousser Konkurrenz vun anere Brauereien an der Regioun (Uewerkäerjeng, Esch-Uelzecht, Déifferdeng, Lëtzebuerg…asw.), op der zéngter Plaz vun am Ganze 35 zu där Zäit aktive Brauereien zu Lëtzebuerg, mat enger Produktioun vu 16.000 hl klasséiert. Nom Doud vum Jean-Baptiste Bofferding, hu seng Jonge Léon (Braumeeschter) an Emile (Geschäftsmann) d'Féierung vum Familljebetrib iwwerholl. D'Brauerei ass séier gewuess an et gouf ëmmer nees bäigebaut. D'Produktioun war am Joer 1929, virun der grousser Welt-Kris, schonn op 82.000 hl Béier.

An de Joren 1927 bis 1930 huet d'Brauerei eng ganz Rei nei Ekipementer kritt, déi stänneg bis an d'Zäit nom Krich verbessert goufen, mat ënner anerem engem neie Brausall mat Maschinne fir ze killen a fir Äis ze fabrizéieren.

1948 ass eng nei Fläschefëllanlag bäikomm an d'Fässer aus Holz sinn no an no mat Fässer aus Aluminium ersat ginn.

Vun 1962 bis 1973 sinn d'Produktiounszuelen nees bis op 70.000 hl an d'Luucht gaangen,.

1971 huet de Prënz Charel déi nei Béchsen-Offëll-Anlag ageweit.

Am Joer 1974, sinn déi meescht Installatioune komplett ersat ginn, wéi z. B. de Brausall, d'Fläschenanlag an anerer méi. Ënner anerem krut d'Brauerei eng Maschinn fir d'Fässer ze spullen, ze steriliséieren an ze fëllen.

Enn der 1980er Joren ass eng Gas-Chaudière, an Ufank der 1990er fënnef nei Gärbidde mat enger totaler Capacitéit vu 458.000 l, installéiert ginn.

Brasserie Funck-Bricher[änneren | Quelltext änneren]

D'Brasserie Funck-Bricher gouf am Joer 1764 vum Thomas Wagner a senger Fra Margareta Koerperich gegrënnt. D'Brauerei stoung deemools an der Stater Plaetisgaass am Gronn. Hire Béier huet iwwer d'Jore vill Goldmedaile gewonnen an ass 1916 Fournisseur de la Cour ginn. D'Mark ass 1975 verschwonnen an de Brauerebetrib am Gronn gouf agestallt. Am Gebai vun der fréierer Brauerei huet haut Amazon säin Europasëtz[6].

2018 huet d'Brasserie nationale e Béier mam Numm Funck-Bricher als vegan a Bio-Mark erëm nei lancéiert[7].

Brasserie Battin[änneren | Quelltext änneren]

D'Brasserie Battin ass 1937 zu Esch-Uelzecht vum Charles Battin gegrënnt ginn. No sengem Doud huet hie se u säin Eedem, den Nicolas Origer, verierft, deen tëscht 1954 an 1962 Direkter war. Dunn huet hien d'Leedung vun der Brauerei sengen zwéi Jonge Marc a Paul Origer uvertraut, déi fir d'Direktioun respektiv d'Produktioun verantwortlech waren. Si hunn decidéiert, d'Brauerei, déi am Zentrum vun Esch queesch géintiwwer vun der Gare stoung, ze vergréisseren. Well net genuch Plaz war hu si an d'Héicht gebaut. Dat Gebai ass an Tëschenzäit ofgerappt an duerch en Appartementshaus ersat ginn.

2004 ass d'Brasserie Battin vun der Brasserie nationale opkaaft an d'Produktioun vum "Battin"-Béier op Nidderkäerjeng verluecht ginn[8],[9].

D'Brasserie nationale haut[änneren | Quelltext änneren]

Zwee "Bofferding"

2013 hat d'Brasserie nationale 161.200 Hektoliter Béier produzéiert, dat waren der 1.400 méi wéi 2012[10]. 2014 waren et der 158.200 an d'Joer drop 154.000[11].

2015 louch de Maartundeel vun der Brasserie nationale eegenen Ugaben no bei 58 %[11].

Zanter 2020 kommerzialiséiert d'Brasserie nationale och Mineralwaasser ënnert dem Numm Lodyss, dat aus engem Aquifer an 317 Meter Déift ofgezaapt gëtt a mat oder ouni Kuelesaier a consignéierte Glasfläsche verkaaft gëtt[12].

Hir Filial Munhowen bekëmmert sech ëm de Verkaf vun de Produkter an d'Verwaltung vun der Brauerei.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1996: Grand Prix DLG
  • 2002: Prix de l'Environnement pour l'Industrie pour Merlin
  • 2002: Prix Européen de l'Environnement

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Bofferding: Les Bofferding – Brasseurs à Bascharage. Editions Schortgen, 2023.
  • Gambrinus Bruderschaft: Onse Be'er ass gudd!, 1993, Éditions Schortgen, 160 S., ISBN 2-87953-010-5
  • Thinnes, D., 2019. "Sport beruhigt mich". Georges Lentz, Direktor der Brasserie Nationale, ist hinter dem Tresen auch schon mal beim Zapfen behilflich. Luxemburger Wort vum 19. Juni 2019, S. 49.
  • Mara Bilo, Aus Liebe zum Bier, Luxemburger Wort vum 29. August 2020, S. 16-17

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brasserie nationale – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Brasserie Nationale (Bofferding). paperjam.lu. Gekuckt de(n) 29.08.2020.
  2. wort.lu: Brasserie Nationale setzt auf die Großregion (25. Februar 2015)
  3. (B66334) BRASSERIE NATIONALE (anc. BRASSERIES FUNCK-BRICHER ET BOFFERDING). lbr.lu (25/06/2019). Gekuckt de(n) 29.08.2020.
  4. lodyss.lu
  5. lequotidien.lu: Ça mousse pour Bofferding et Battin (24. Februar 2016)
  6. Geschicht vun der Brauerei Funck-Bricher op industrie.lu
  7. Pressecommuniqué op fedil.lu: La Brasserie Nationale ressuscite la marque Funck-Bricher (ondatéiert)
  8. Geschicht op battin.lu
  9. Brasserie Battin op industrie.lu (gekuckt den 12. Januar 2017)
  10. wort.lu: La Brasserie Nationale ne peut pas se plaindre (25. Februar 2014, 15:24)
  11. 11,0 11,1 wort.lu: "Nous devons nous différencier" (23. Februar 2016)
  12. Pierre Sorlut: "Duopole." d'Lëtzebuerger Land Nr.32, 7. August 2020, S.2-3.