Op den Inhalt sprangen

Kierch Lëtzebuerg-Clausen

Vu Wikipedia
Kierch vu Clausen
Parkierch vu Clausen (2013)

Parkierch vu Clausen (2013)
Parkierch vu Clausen (2013)
Uertschaft / Plaz Clausen
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Kunigunde
Konsekratioun 1865
Architekt(en) Ch. Arendt
Baujoer 1865
Koordinaten 49° 36’ 54.4’’ N
      06° 08’ 35.8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Lëtzebuerg-Clausen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Kunigunde, där hiert Fest den 13. Juli gefeiert gëtt. D'Kierch steet a Clausen op der Place Ste Cunégonde déi op d'Allée Pierre de Mansfeld (CR218) stéisst.

An der Clausener Kierch gëtt zanter …[Wéini ?] nieft geleeëntlechen Hochzäiten oder engem Läichendéngscht just nach eemol an der Woch (all Sonndeg) eng tridentinesch Mass („al Mass“) op Latäin, nom Massbuch vum Pius V. zelebréiert[1].

Lëtzebuerg-Clausen gouf eréischt 1865 zu enger selbstänneger Par wéi Clausen vun der Par Lëtzebuerg-St Michel ofgetrennt gouf. Am selwechte Joer gouf och d'Kierch gebaut a vum Bëschof Nicolas Adames konsekréiert.

1875 gouf déi éischt Uergel vun der Uergelmanufaktur Breidenfeld vun Tréier ugeschaaft, 1930 gouf se vun der Uergelmanufaktur Georg Haupt ëmgebaut a moderniséiert.

1958 gouf d'Kierch komplett restauréiert, awer schonn 1964 war se duerch e Feier nees staark beschiedegt ginn. Fir d'Honnertjoerfeier den 10. Oktober 1965 war se awer nees an d'Rei gesat.[2]

Paschtéier vu Clausen

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1865 - 1896: J.P. Philippe vu Munneref
  • 1896 - 1907: Nic. Leonardy vun Ouljen
  • 1907 - 1931: Nic. Rehlinger vun Dondel
  • 1931 - 1943: Ed. Ellenbecker vun Heeschdref
  • 1944 - 1957: Nic. Espen vun Déifferdeng
  • 1957 - 19--: Math. Thiery
Commons: Kierch Lëtzebuerg-Clausen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Den Agank vun der Kierch
D'Kierch vun hannen

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (lb)Clausener Kierch - Eng Desakraliséierung wier den Ament keen Thema. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-08-20.
  2. Grandiose Hundertjahrfeier der Pfarrkirche und Pfarrei Clausen am Luxemburger Wort vum 12. Oktober 1965, S.6