Kierch Steesel

Vu Wikipedia
Kierch vu Steesel
Parkierch vu Steesel

Parkierch vu Steesel
Parkierch vu Steesel
Uertschaft / Plaz Steesel
Par Steesel–Walfer
Sainte-Trinité
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Kathedra Petri
Konsekratioun 1866
Architekt(en) J.-B. Kintzelé
Baujoer 1851/52
Koordinaten 49° 40’ 36.1’’ N
      06° 07’ 26.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Steesel ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Steesel–Walfer Sainte-Trinité, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Steesel gehéiert.

D'Kierch ass dem hellege Péitrus sengem Léierstull (Kathedra Petri) geweit. D'Fest gëtt den 22. Februar gefeiert. De Péitrus vu Mailand[1] figuréiert als zweete Patréiner a gëtt um Päischtméindeg geéiert.

D'Kierch steet, wéi sou dacks, op der Kiercheplaz, der Place de l'Église, déi zum CR123 gehéiert. Hanner der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Steesel gehéiert ausser der Parkierch vu Steesel och nach d'Filialkierch vun Heeschdref.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zeechnung vum Jean Bertels, 1571
Banneraum vun der Steeseler Kierch
D'Steeseler Kierch vun Nordoste gesinn

Déi Steeseler hate scho ganz fréi eng Kierch, déi se op d'Ruine vun enger réimescher Villa a merowengesche Griewer opgeriicht haten. De Bertels hat 1571 eng Skizz dovun ugeluecht, et war eng ganz einfach Kierch, déi du spéider awer vergréissert gouf.

Wéi den éisträichesche Keeser Joseph II. 1785 den Dominikaner-Uerden opgeléist huet, dunn huet och Steesel, wéi vill aner Paren aus der Ëmgéigend, um Ausverkaf vum Märjendaller Klouschter profitéiert. Den deemolege Paschtouer Dominique-Henri de Neunheuser huet mol gläich zwéi stengen Altär vun do erbäigeschaaft. Een dovu war dem Péitrus vu Mailand geweit, a sou huet deen Hellege säi Wee op Steesel fonnt.

1848 gouf decidéiert déi al a baufälleg Kierch ofzerappe well se ze vill kleng gi war. Den Héichaltor vun där Kierch gouf un d'Par Wuermer verkaaft, wou en nach ëmmer benotzt gëtt. Déi zwéi Säitenaltär sinn awer zu Steesel bliwwen, wou se nach haut gutt an där neier Kierch maachen.

Den 12. Juni 1851 gouf de Grondstee fir de Neibau geluecht, dee no de Pläng vum Heeschdrëffer Baukondukter Jean-Baptiste Kintzelé ausgefouert gouf. Déi am neogotesche Stil gebaute Kierch gouf schonn den 19. Dezember 1852 ageseent, awer eréischt de 14. Juli 1866 gouf se vum Bëschof Nicolas Adames konsekréiert.

Bei Renovatiounsaarbechten an de Joren 2000 bis 2005 gouf ë. a. de Banneraum vun der Kierch komplett renovéiert. Déi siwe Fënsteren am Chouer goufen 1980 vum Ben Heyart entworf.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Klackentuerm hänken dräi Klacken déi am Schlagtoun si, la, sol, oder och h', a', g' genannt, lauden.

De Chronogramm[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer dem Kiercheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1866 duerstellt, d'Joer vun der Konsekratioun vun der Kierch:

NICOLAUS EPISC. HANC IN STEINSEL
CONSECRAVIT ECCLESIAM

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Steesel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Hie gëtt och ënner den Nimm Péitrus vu Verona oder Péitrus de Märtyrer gefouert. En ass liicht z'erkennen, well hie meeschtens mat engem Schwäert am Kapp duergestallt gëtt, sou och zu Steesel.