Klackentuerm

Vu Wikipedia
Klackentuerm um Campus vun der Universitéit Twente

E Klackentuerm ass meeschtens en Tuerm dee fräi steet an an deem Klacken hänken.

Bal all Kierchtuerm ass e Klackentuerm. Et gëtt awer och Klackentierm bei net reliéise Gebaier wéi z. B. de Klackentuerm vu Berlin am Berliner Olympiastadion. Am fréiere KZ Buchenwald steet e Klackentuerm als Memorialgebai.

Bei der Konstruktioun vu Klackentierm muss drop opgepasst ginn datt d'Klacken déi meeschtens uewen am Tuerm hänken, den Tuerm (besonnesch beim Lauden) net ze vill belaaschten.

Heiansdo sinn sou Tierm och en Deel vun engem Musekinstrument, dem Klackespill oder Carillon, wéi z. B. an der Kathedral zu Lëtzebuerg oder an der Basilika vun Iechternach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Klackegiewel

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klackentierm – Biller, Videoen oder Audiodateien