Op den Inhalt sprangen

Zwielef

Vu Wikipedia
12
Zwielef
positiv ganz Zuel, abundant Zuel, pseudovollkommen Zuel, zesummegesat Zuel, gerued Zuel, Zwielefeckzuel, Ikosaederzuel, Fënnefeckzuel, Rechteckzuel, Harshad-Zuel, Moosseenheet
Virgänger Eelef
Nofollger Dräizéng
Ordinalzuel zwieleft
Eegenschaften
Primfacteur(en) 2, 3
Deeler 1, 2, 3, 4, 6, 12
Zuel vun Dezimalzifferen 2
Aner Duerstellungen
Réimesch XII
Binär 1100
Oktal 14
Duodezimal 10
Hexadezimal C

Déi natierlech Zuel Zwielef (12) ass d'Nofollgerin vun der Eelef an d'Virgängerin vun der Dräizéng. Et ass eng zesummegesat Zuel a si ass gerued.

D'Zwielef ass eng abundant Zuel, well d'Zomm vun den Zuelen duerch déi se sech deele léisst, Deeler genannt, (1, 2, 3, 4 a 6 = 16 > 12) méi grouss ass wéi se selwer.

Dat réimescht Zeeche fir d'Zwielef ass XII.

Den Duodezimalsystem (vum Laténgeschen duodecim, "zwielef") ass e Stellewäertsystem mat der Basis 12.

E Polygon mat zwielef Säiten an zwielef Ecker ass en Dodekagon.

Naturwëssenschaft

[änneren | Quelltext änneren]

Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Zwielef d'Uerdnungszuel vum Magnesium.

De Messier 12 (och NGC 6218 genannt) ass e helle Kugelstärekoup am Stärebild Ophiuchus. Den NGC 12 ass eng Balkespiralgalaxie am Stärebild Pisces.

Den Numm Zwieleffangerdaarm geet op den griicheschen Dokter Herophilus aus der Antikitéit zeréck. Hien huet d'Längt vun deem Deel vum Daarm bei den Déieren op eng Breet vun zwielef Fangere geschat. Dat laténgescht Wuert duodenum kënnt vum algriichesche Wuert dodekadaktulus, dat "12 Fanger breet" bedeit.[1]

Besonnesch am Handel schwätzt ee bei zwielef gläichaartege Saachen, déi zesummegefaasst ginn, vun enger Dosen (vum Mëttelhéichdäitschen tozen). Der Dose läit den Duodezimalsystem zugrond, dee géintiwwer dem Dezimalsystem de Virdeel huet, datt 12 duerch 2, 3, 4 a 6 gedeelt ka ginn (10 just duerch 2 a 5).

Den Europafändel besteet aus engem Kranz vun zwielef gëllene fënnefzackege Stären, déi sech net beréieren an déi virun engem bloen (azurfaarwegen) Hannergrond duergestallt sinn. Traditionell ass e Bild mat zwielef Stären d'Symbol vun der Vollkommenheet.

Déi zwielef lëtzebuergesch Kantone sinn eng regional Andeelung an där d'Gemengen zesummegefaasst sinn.

Holland ass an zwielef Provënzen (hollännesch: Provincies) agedeelt.

 Commons: Zwielef – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Robert Lewis Maynard, Noel Downes: "Alimentary Canal or Gastrointestinal Tract", in Anatomy and Histology of the Laboratory Rat in Toxicology and Biomedical Research, 2019, op sciendedirect.com