Gewéinlech Platan

Vu Wikipedia
Gewéinlech Platan
Platanenallée um Nikloskierfecht an der Stad Lëtzebuerg
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Proteales
Famill Platanaceae
Ënnerfamill Cichorioideae
Gattung Platanen (Platanus)
Wëssenschaftlechen Numm
Platanus × hispanica
Münchhausen

Déi Gewéinlech Platan (Platanus × hispanica, Syn.: Platanus × acerifolia, Platanus × hybrida) ass en Hybrid aus der Gattung vun de Platanen (Platanus) an der Famill vun de Plataneplanzen (Platanaceae).

Déi Gewéinlech Platan ass ëm 1650 aus der Kräizung vun der Amerikanescher Platan (Platanus occidentalis) mat der Orientalescher Platan (Platanus orientalis) entstanen. An England goufen d'Platane fir d'éischt ëm 1680 geplanzt. Déi zwou éischt dovu stinn haut nach am Gaart vun de Buckden Towers a sinn och nach an engem gudden Zoustand. Am Bestand kënnen d'Beem 45 bis 48 Meter héich ginn, am Fräistand ass d'maximal Héicht bis 35 m.

Well si resistent géint d'Ofgase vun den Autoen ass, an och d'Kompaktéierung vum Buedem gutt verdréit, gëtt si gär laanscht d'Strossen an den Uertschaften an och um Land geplanzt. Se sinn och ausseruerdentlech standfest, et ass ganz rar datt Platane vum Wand ëmgeblose ginn. Se sinn och net ufälleg fir Krankheeten, mat Ausnam datt am Fréijoer beim Ausdreiwen e Pilz (Gnominia veneta) kann optrieden, deen e puer Schëtz futtti mécht, awer am grousse Ganze kee Schued mécht.

Wéinst der Form vun hire Blieder gëtt se dacks mat Aarten aus der Gattung vun den Ahorne verwiesselt

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Schuel[änneren | Quelltext änneren]

Plataneschuel

Bei jonke Beem ass d'Schuel donkelgro oder brong. Se spréngt a groussen dënne Placken of. Dorënner gesäit een dann déi jonk Schuel (Schuelekambium) déi gielzeg-wäiss ass. Bei ganz ale Stämm ass se roudelzeg-brong oder gro-grong mat renge vertikale Rëss a Falen.

Habitus[änneren | Quelltext änneren]

D'Platanen hunn am nomale Wuesszoustand eng héich verwëlleft Kroun op engem laange Stamm. Al Exemplaren hunn eng héich a breet Kroun mat décken, dacks verdréinten Äscht an um Stamm sinn heiansdo vill Bëlzen.

Laf[änneren | Quelltext änneren]

Blieder vun enger Platan

De Schotz ass am Ufank blatzeg gréng mat engem liichte wäisse Flom a gëtt duerno orangebrong. De Kapp ass routbrong an eefërmeg an zur Spëtzt zou e bësselche gebéit. En ass 6 bis 8 mm grouss an huet eng grouss knubbeleg Basis. Se dreiwe Mëtt Mee aus an dat jongt Blat ass hell brongelzeg-grogréng. D'Blatform ka ganz verschidde sinn, huet awer meeschtens fënnef Läppercher an ass ongeféier 20 × 23 cm grouss. De Bord ass onreegelméisseg graff gezackt. D'Basis ass käilfërmeg mat zwéi grousse Läppercher déi wäit ofstinn. Déi iewescht säit ass blenkeg gréng, an déi ënnescht ass e bësse méi hell wéi déi iewescht. Bei jonke Beem bleiwen déi breet Nieweblieder am Hierscht laang um Stronk pechen.

Origin[änneren | Quelltext änneren]

Ëm 1650 goufen déi Amerikanesch an déi Orientalesch Platan a Spuenien (duerfir den Numm hispanica) an an England agefouert an hybridiséiert, wouraus déi Gewéinlech Platan entstanen ass.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Platanus × hispanica – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]