Platan zu Aansebuerg

Vu Wikipedia
D'Platan beim Schlass zu Aansebuerg. Riets d'Parkmauer. Vir am Bild, de Geméisgaart vum Schlass.(August 2008).
E gewaltege Stamm, dee sech op enger Héicht vun zirka 3,5 m an zwee deelt.

Déi bemierkenswäert Platan zu Aansebuerg (Platanus x hispanica) steet nieft der Äisch am verlängerten Deel vum Park vum Schlass zu Aansebuerg.

Wéinst hirem Alter, deen op ronn 220 Joer geschat gëtt, an hirer imposanter Statur, gëtt si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt.

Dës Platan ass als monument national klasséiert, woumat si geschützt ass.

Den Ëmfank vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet follgendermoossen zougeholl:

  • 1980: 5,0 m;
  • ëm 2000: 6,65 m bei enger Gréisst vu 36 m.

Domat ass dëse Bam déi déckst Platan zu Lëtzebuerg.

Geographesch Koordinaten: 49° 42’ 06.18’’ N 06° 02’ 56.01’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Lëscht S. 243; keen Text an och keng Foto vun dësem Bam heiran).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Lëscht S. 162; keen Text an och keng Foto vun dësem Bam heiran).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]