Schlass Aansebuerg

Vu Wikipedia
Schlass Aansebuerg
D'Schlass Aansebuerg vu vir
Typ Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Helperknapp
Koordinaten 49°42'3"N, 6°2'48"O
Proprietär Sûkyô Mahikari
Statut Klasséiert Monument
D'Schlass vun hannen.

D'Schlass vun Aansebuerg (och alt "Ënnescht Schlass" oder "Grousst Schlass" genannt, fir et vun der Buerg Aansebuerg z'ënnerscheeden) ass e Schlass bei Aansebuerg, dat 1639 vum Schmelzhär Thomas Bidart baue gelooss gouf.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1639 huet den Thomas Bidart den zentralen Deel vum haitege Schlass baue gelooss, deen deemools en Haus mat Tierm an enger Mauer ronderëm war, vun deenen der haut nach zwou do stinn. Hien huet et Maison des Forges genannt.

1719 gouf d'Haus vun der Famill Marchant, déi et geierft hat, ëmgebaut an e Schlass wéi et haut nach do steet: Zwéi Fligele goufen op de Säite bäigebaut an op der Südentrée gouf e sculptéierte Bou opgeriicht, deem seng Statuen déi 4 Kontinenter symboliséieren. De Gaart gouf ugeluecht, mat Blummebeeter an engem Sprangbur, a mam Schlass duerch eng Arkad verbonnen. Tëscht 1740 a 1750 huet de Lambert Joseph de Marchant et d'Ansembourg d'Gäert weider ausgebaut an d'Gebaier op der Nordsäit vum Haff zu Ställ an Dingschtwunningen ëmgebaut. 1759, huet de Grof Lambert Joseph eng impressionant Barockpaart ubrénge gelooss, mat de Wope vun den de Marchant d'Ansembourg et Velbruck.[1],[2]

D'Schlass haut[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1987 gehéiert d'Schlass der japanescher spiritueller Organisatioun Sûkyô Mahikari, déi et mat der Ënnerstëtzung vum Service des sites et monuments nationaux restauréiere gelooss huet.

Et ass zanter dem 18. Mäerz 1988 als nationaalt Monument klasséiert.[3]

D'Gäert vum Schlass sinn op fir de Public.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Aansebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Jardin du grand château d'Ansembourg", Service des Sites et Monuments Nationaux.
  2. "Plus de details sur l'histoire...", Grand Château d'Ansembourg.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).