Buerg Aansebuerg

Vu Wikipedia
Buerg Aansebuerg
D'Buerg vun Aansebuerg
Typ Buerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Helperknapp
Plaz Aansebuerg
Koordinaten 49°42'10,5"N, 6°2'15,5"O
Statut Klasséiert Monument
Jean-Baptiste Fresez: D'Buerg Aansebuerg (zirka 1857).

D'Buerg Aansebuerg (heiansdo "Al Buerg" genannt, fir se vum Schlass Aansebuerg auserneenzehalen) ass eng mëttelalterlech Buerg bei der Uertschaft Aansebuerg. Se ass nach ëmmer bewunnt[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst erhale Quell, an där vun der Buerg rieds geet, ass vun 1135, wéi den Hubert (Humbert) vun Aansebuerg do Här war. D'Befestegunge sinn héchstwarscheinlech aus der Mëtt vum 12. Joerhonnert, déi vu virdru missten aus Holz gewiescht sinn.

Uganks vum 14. Joerhonnert goufen, ënner dem Jofroit vun Aansebuerg, d'Paart vum südwestlechen Tuerm an den nërdleche Buergfrid gebaut. Zanter den Zäite vum Jacob II. vu Raville-Aansebuerg, schénge keng gréisser Ännerunge méi un der Buerg gemaach ginn ze sinn. Iwwer der Haaptentrée steet d'Joreszuel 1565.

1683 gouf d'Schlass warscheinlech vun de franséischen Truppe vum Maréchal de Boufflers beschiedegt. Am 17. Joerhonnert hunn d'Famille Bidart a Marchant d'Ansembourg, déi och d'Schlass Aansebuerg baue gelooss hunn, d'Buerg restauréiert[2].

Haut[änneren | Quelltext änneren]

D'Buerg gehéiert hautdesdaags dem Grof Gaston-Gaëtan de Marchant et d'Ansembourg, deen nom Doud vu sengem Papp an d'Buerg geplënnert ass. Enn 2008 huet d'Lëtzebuerger Regierung d'Bibliothéik an d'Archive vun der Buerg fir 3 Milliounen Euro opkaaft, wouvun d'Haaptstéck de Codex Mariendalensis war, eng mëttelalterlech Handschrëft iwwer d'Liewe vun der Yolanda vu Veianen, déi de Linguist Guy Berg 1999 do erëmfonnt hat[3].

Den 29. Januar 2010 gouf d'Buerg op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen[4].

2011 goufe gréisser Renovatiounsaarbechten ausgeféiert. En Deel vum Gebai gëtt elo als Nobelhotel benotzt.

D'Buerg ass bewunnt a kann net besicht ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 8. Das alte Schloss von Ansemburg. S. 76-85, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ansembourg Castle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Ansemburg", Tal der 7 Schlösser. (de)
  2. "Die Burg Ansemburg", www.darkplaces.org. (de)
  3. "Der Graf von Ansemburg heiratet", Luxemburger Wort, 25 August 2010. (de)
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).