Op den Inhalt sprangen

Centre hospitalier de Luxembourg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) CHL)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Centre hospitalier de Luxembourg

Den Hôpital municipal (2020)
Basisdonnéeën
Address:CHL Centre, KannerKlinik
a Verwaltungssëtz:
4, rue Ernest Barblé
L-1210 Lëtzebuerg
Typ:Ëffentlecht Etablissement[1]
Ouverture:1976[2]
Stationär Better:579 (2015)[3]
Mataarbechter:2.348 (2019)[2]
dovun Doktoren:300 (2015)[3]
Websäit:www.chl.lu

De Centre hospitalier de Luxembourg, kuerz CHL, ass en Zesummeschloss vu véier Spideeler an der Stad Lëtzebuerg:

  • dem CHL Centre (och nach Hôpital municipal),
  • dem CHL Eich (och nach Eecher Klinick, Clinique d'Eich),
  • dem CHL Maternité (oder Maternité Grande-Duchesse Charlotte) an
  • dem CHL Kannerklinick[4] (oder Clinique pédiatrique).

Den CHL ass den zéngtgréissten Employeur[2] zu Lëtzebuerg mat engem Personal vun 2.348 (2019)[2] Leit, dorënner ëm déi 300 Dokteren an 1.000 Infirmieren an Aide-Soignanten[3].

2018 goufen eng 170.000 Patienten am CHL behandelt oder diagnostizéiert. 2018 louchen d'Käschten a Recettë vum CHL bei jee ronn 400 Milliounen Euro. 2007 war dat knapps d'Hallschecht. De Gros dovu sinn d'Personal-Käschten.

Generaldirekter vum CHL ass zanter … de Romain Nati[5]; hie gëtt am Mäerz 2024, wann hien an d'Pensioun geet, vun der Dr Martine Goergen ersat[6].

Um Site vum CHL gëtt et zwielef national medezinesch Departementer:

Am CHL stinn och eng Rei national medezinesch Ekipementer, wéi de PET-Scan, d'extrakorporal Stousswellelithotripsie an de Laboratoire fir In vitro-Befruchtung.

Den CHL assuréiert eng permanent Garde fir d'Kannerklinick grad wéi fir all national Servicer.

Den CHL gouf mam Gesetz vum 10. Dezember 1975 gegrënnt[1]. En huet 1976 seng Dieren opgemaach, no der Zesummeféierung vum neigebauten Hôpital municipal mat der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Clinique pédiatrique. 2004 ass nach d'Clinique d'Eich derbäikomm[2].

President vum Verwaltungsrot

[änneren | Quelltext änneren]
  • Emil Duhr (1977)
  • Victor Backes (1978)
  • Paul Hoffmann ff (1979)
  • Jean Thill (1980-1983)
  • Victor Backes (1984-1994)
  • Marcel Reimen (1995-1998)
  • Paul Mousel (1998-)

Directeur Médical

[änneren | Quelltext änneren]
  • Emile Quiring (-1977)
  • Henri Kuntzinger (1978-1979)
  • Mario Dicato (1980-1986)
  • André Roilgen (1987-1992)[7]
  • Henri Metz (1993-1997)
  • André Kerschen (1998-2009)
  • Romain Nati (2010-2012)
  • Catherine Boisanté (2013-)
  • Martine Goergen (2017-2024)
  • Guy Berchem (2024-

Directeur général

[änneren | Quelltext änneren]
  • André Kerschen (2010-2012)
  • Romain Nati (2012-2024)
  • Martine Goergen (2024-)

Directeur administratif

[änneren | Quelltext änneren]

Hôpital municipal

[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Gebäi gouf vum Architekt Laurent Schmit entworf a gebaut.

Nieft villen Zerwisser vun der Allgemengmedezin, der Chirurgie an der Psychiatrie gëtt et am Hôpital municipal och nach aner national Departementer wéi dee vun der Neurochirurgie, vun der Onkologie-Hematologie, den Infektiouns- an Tropekrankheeten an der Immuno-Allergologie[2].

Maternité Grande-Duchesse Charlotte

[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Maternité Grande-Duchesse Charlotte.

D'Maternité Grande-Duchesse Charlotte gëtt et zënter 1936[2].

D'Kannerklinick

Kannerklinick

[änneren | Quelltext änneren]

D'Clinique pédiatrique oder Kannerklinick funktionéiert zënter 1966[2].

Clinique d'Eich

[änneren | Quelltext änneren]

Saint-Joseph, spéider Eecher Klinick - Fondation Norbert Metz, gouf 1873 opgemaach a vun der Gesellschaft Metz et Cie finanzéiert. An den Ufanksjoren war déi Institutioun souwuel eng Klinick, wéi ee Weesenhaus an een Altersheim. D'Pfleeg gouf vun Borromäerinnen-Schwesteren vun Tréier geleescht. D'Spidol war virun allem mä net exklusiv fir d'Aarbechter vun der Eecher Schmelz.[8]

1892 gëtt den Domän dem lëtzebuergeschen Staat geschenkt: eng vun de Bedingungen ass dat d'Institutioun de Numm Fondation Norbert Metz dréit.[9] Vun 1926 bis 1928 gëtt d'Klinik vergréissert a moderniséiert.[10]

D'Eecher Klinick ass den 1. Januar 2004 mam CHL fusionéiert[11].

Am November 2021 hunn Ofrappaarbechte vum fréiere Gebai vun der Maternité op der Areler Strooss, dat zanter 2015 eidel stoung, ugefaangen. Op déi Plaz kënnt en neit Gebai vum Centre hospitalier; de Grondsteen dofir ass den 22. Februar 2024 geluecht ginn[12]. Dat neit Gebai, dat Enn 2028 operationell soll sinn(Stand: Februar 2024) kritt 476 Better an 18 Operatiounsbléck. De Käschtepunkt gëtt op 821 Milliounen Euro geschat[12][13]. Och d'Aktivitéite vun der Eecher Klinick ginn am neien CHL zentraliséiert.[14]

Et ass och en neit Gebai fir d'Kannerklinick geplangt, wou awer nach net genee gewosst ass, wou et hikomme soll (Stand: Oktober 2023)[13].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (fr) Loi du 10 décembre 1975 relative au Centre hospitalier de Luxembourg. legilux.public.lu (19.12.1975). Gekuckt den 30.08.2020.
  2. 1 2 3 4 5 6 7 8 Rapport annuel 2018 um Site vum Spidol
  3. 1 2 3 Den CHL op LinkedIn
  4. eege Schreifweis vum CHL: KannerKlinik
  5. "2018 war fir den CHL e gutt Joer." 100komma7.lu, 17. Juli 2019 - 09:00.
  6. (lb) Changement un der Spëtzt vum CHL: Dr Martine Goergen gëtt nei Direktesch. www.rtl.lu. Gekuckt den 18.10.2023.
  7. Vun 1991 un, gëtt ët just nach een Directeur: Luxemburger Marienkalender, p. 397.
  8. Georges Kieffer, « Aus der Chronik der Stiftung Norbert Metz in Eich », Ons Hémecht, 1924, no 1, p. 44‑50.
  9. Georges Kieffer, « Aus der Chronik der Stiftung Norbert Metz in Eich », Ons Hémecht, 1924, no 3, p. 146-162.
  10. Georges Kieffer, « Einen Rundgang durch eine neue Klinik », Luxemburger Wort, 19 novembre 1928, p. 15.
  11. Legilux: Arrêté grand-ducal du 3 octobre 2003 portant intégration et rattachement des services hospitaliers de la Clinique d'Eich, Fondation Norbert Metz, au Centre Hospitalier de Luxembourg
  12. 1 2 (de) Das neue CHL-Hauptgebäude soll 2028 zur Verfügung stehen. luxemburger-wort-online (22.02.2024). Gekuckt den 22.02.2024.
  13. 1 2 (lb) Invité vun der Redaktioun (18. Oktober) - Dr. Martine Goergen: "Et muss nach vill verbessert ginn, mä et gouf och scho vill gemaach". www.rtl.lu. Gekuckt den 18.10.2023.
  14. "Al Maternité gëtt ofgerappt: Neit CHL-Gebai bis 2028 operationell." rtl.lu, 04.10.2022.