Diskussioun:Paschtoueschgaass (Stad Lëtzebuerg)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hausnummeren[Quelltext änneren]

Be den Nummeren vun den Haiser op de Fotoe vum User:Luxfornow schéng e klenge Feeler (och bei den Nimm vun de Fichieren) geschitt ze sinn: Wat menger Meenung no d'Paschtoueschhaus as, huet d'Nr 30 (nach keng Foto), an net dat Haus op der Foto mat der Stee (wat an der Montereystrooss misst sinn). Och d'Nummeren 10, 12, 14, 16 schénge mer vertosch/verrutscht ze sinn.Wann eng Kéier een do laangschtkéim, kinnt en dat nokucken (sou dass dat betreffend geännert ka ginn). --Zinneke 10:49, 17. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,

Um Bild mat der Stee ass dem Molitor säi Geschäft ze gesinn. Souwäit wéi ech weess ass deen um Krautmaart. Deemno misst d'Foto um Eck Krautmaart/Paschtoueschgaass sinn. --Les Meloures 11:47, 17. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Den N°30 vun der Paschtoueschgaass ass allerdéngs keen Eckhaus. Dem Kadaster no huet d'Eckhaus mam Krautmaart d'N° 40. Dat géif och mat der Lëscht passen. --Les Meloures 11:57, 17. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Op der Foto déi als N°12 identifizéiert ass, ass däitlech 14 ze gesinn. --Les Meloures 12:05, 17. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Op der rietser Säit vun der Strooss[Quelltext änneren]

Op der rietser Säit lafen d'Haiser esou:

10 (déi klengsten Hausnummer an der Strooss), klasséiert, Fassad mat roude Steng (Bijouterie an Optiker)
12, dës Nr. schéngt et net ze ginn :-)
14, klasséiert (Kaempff-Kohler)
16, klasséiert, Haus mam Passage op de Knuedler, Nr. 16 steet op der Hausentrée am Passage
18 (Kéisbuttek K-K), 20 (Restaurant), 22, 24 (dës Nr. schéngt et net ze ginn), 26, 28
30 Paschtoueschhaus, klasséiert (Presbytère op der Schell)
32, 34, 36 (um Eck mam Gruef, rue du Fossé)
Gruef, rue du Fossé
36, 38 a 40 (Mamergaass), dovunner
40, klasséiert, Bijouterie, um Eck mam Krautmaart (rue du Marché-aux-Herbes), mat Gerüst am Sept. 2011

--Cayambe 14:57, 19. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci, dat nennt ee kloer an däitlech ;-). --Zinneke 16:19, 19. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]