Ignatius Millim
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
![]() |
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ignatius Millim | |
---|---|
Gebuer |
19. Juli 1743 Brünn |
Gestuerwen |
Abrëll 1820 Äischen |
Aktivitéit | Moler |
Den Ignatius Millim, och nach Ignaz Millim an Ignace Millim, gebuer den 19. Juli 1743 zu Brünn a Mieren (haut Tschechien) a gestuerwen am Abrëll (de 24. oder 25., jee no Quell[1]) 1820 zu Äischen, war e Moler.
Hien huet eng Zäit laang, ëm 1775-1777, an der Stad Lëtzebuerg am Gronn gewunnt.
Wierker[änneren | Quelltext änneren]
- Freskemolerei an der Kierch zu Jonglënster[2]
- Freskemolerei an der Kierch zu Rëmerschen (1783)
- Freskemolerei an der Kierch zu Steenem
- Freskemolerei an der Kierch zu Käerch
- Freskemolerei an der Kierch zu Bus
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Ignatius Millim – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Am Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 299 ass den Doudesdag mat "24.4.1820" uginn; op roots.lu steet als Doudesdag "25 avril 1820" (gelies den 8. Dezember 2010).
- ↑ Guy Schons, 2011, "Mat Schong an Huesen an den Himmel kommen", S. 196 (valabel fir déi fënnef Kierchen)