Kierch Steenem
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Steenem | |||
Par | Regioun Iechternach Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Dekanat Osten | |||
Koordinaten | 49° 49’ 08.5’’ N 06° 28’ 43’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Steenem ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Rouspert-Mompech gehéiert.
D'Kierch ass der Mariä Himmelfaart geweit. De Festdag ass de 15. August.
D'Kierch steet an der Duerfstrooss (rue du Village) un engem klenge Säitewee dee bis bei d'Sauer féiert.
D'Kierch vu Steenem ass, mam Terrain wourop se steet, zanter dem 13. August 1984 als Inventaire supplémentaire an der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen. Den 23. Abrëll 2019 als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Kierch vu bannen
[änneren | Quelltext änneren]De Relief vun der Kräizegungsszene an der Mëtt vum Haaptaltor (och de Kräizwee?) ass vun der lëtzebuergescher Sculptrice Charlotte Engels.
D'Freskemolerei um Chouerbou ass vum Ignatius Millim.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Roger Majerus, Guy Ney, René Hauer. Marc Roeder, Marie-Josée Dahm, Yvette-Roeder Werdel, Mariette Wehenkel-Decker: 704-2004 1300 Joar Steenem, Dréckerei Linden, Lëtzebuerg, 2004.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Steenem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Ënnersauer
- D'Fënstere vun der Kierch vu Steenem op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).