Aleksandar Vučić

Vu Wikipedia
Aleksandar Vučić
Gebuer 5. Mäerz 1970
Belgrad
Nationalitéit Serbien
Aktivitéit Politiker, Affekot
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

Den Aleksandar Vučić, gebuer de 5. Mäerz 1970 zu Belgrad, ass e serbesche Politiker vun der nationalkonservativer Serbescher Fortschrëttspartei (Srpska Napredna Stranka). Hie war vun 2014 bis 2017 Ministerpresident an ass zanterhier Staatspresident vu Serbien.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Vučić huet op der Universitéit Belgrad Droit studéiert. 1993 gouf e Member vun der Serbescher Radikaler Partei (SRS) an eng éischte Kéier als Deputéierten an d'Serbesch Nationalversammlung gewielt. 1995 gouf e Generalsekretär vun der SRS. 1998 bis 2000 war hien an der Regierung vum Mirko Marjanović Informatiounsminister.

2004 huet hien 2008 zweemol géint Kandidate vun der Demokratska Stranka bei der Wiel zum Buergermeeschter vu Belgrad verluer. 2008 tqss de Vučić an d'Partei Srpska Napredna Stranka (SNS) iwwergewiesselt. De 27. Juli 2012 gouf en als Nofollger vum Ivica Dačić Vize-Ministerpresident vu Serbien. Vum 27. Juli 2012 bis den 2. September 2013 war hie Verdeedegungsminister.

No de Parlamentswale vum Mäerz 2014, bei deene seng Partei als déi stäerkst ervirgoung, gouf de Vučić zum Premierminister ernannt. Hie blouft an där Fonctioun bis Abrëll 2017.

2017 huet hie bei de Wale fir de Staatspresident kandidéiert a gouf den 2. Abrëll am éischten Tour gewielt. Bei de Presidentschaftswale vum 3. Abrëll 2022 gouf hien erëmgewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aleksandar Vučić – Biller, Videoen oder Audiodateien