Bujar Nishani

Vu Wikipedia
Bujar Nishani
Gebuer 29. September 1966
Gestuerwen 28. Mee 2022
Berlin
Nationalitéit Albanien
Aktivitéit Politiker, Jurist
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

De Bujar Nishani, gebuer den 29. September 1966 zu Durrës a gestuerwen den 28. Mee 2022 zu Berlin, war en albanesche Politiker (Demokratesch Partei vun Albanien - PD) a vum 24. Juli 2012 u President vun der Republik Albanien. Hie gouf den 11. Juni 2012 vum albanesche Parlament am 4. Tour a seng Funktioun gewielt, a blouf et bis 2017. Säin Nofollger gouf den Ilir Meta.

De Bujar Nishani huet 1988 e Studium op der Militärakademie „Skënderbej“ absolvéiert. 1991 gouf e Member vun der Demokratescher Partei an 2005 gouf en an d'Parlament gewielt. Tëscht 2007 an 2009 war en Inneminister an der Regierung Berisha. Duerno gouf e Justizminister.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]