Anita Gradin

Vu Wikipedia
Anita Gradin
Gebuer 12. August 1933
Gestuerwen 23. Mee 2022
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei SAP
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

D'Anita Ingegerd Gradin, gebuer den 12. August 1933 zu Hörnefors, an der Gemeng Umeå, a gestuerwen den 23. Mee 2022[1], war eng schweedesch Politikerin (Sveriges socialdemokratiska arbetareparti).

Si huet 1950 als Journalistin bei der sozialdemokratescher Dageszeitung Västerbottens Folkblad ugefaange mat schaffen. Vun 1967 bis 1968 war si Regierungsdirektesch am Sekretariat vum Ministerpresident.

Si war vun 1969 bis 1992 fir d'Sozialdemokratesch Partei Member vum schweedesche Parlament a vun 1982 bis 1986 Ministesch fir Immigratioun a Gläichstellung, a vun 1986 bis 1991 Ministesch fir Handel.

Vun 1992 bis 1994 war si Ambassadrice vu Schweden an Éisträich an a Slowenien, souwéi bei der Agence fir International Atomenergie zu Wien.

Den 1. Januar 1995 gouf si déi éischt schweedesch Europakommissärin: An der Kommissioun Santer war si ë. a. zoustänneg fir Immigration, Justiz a Bannenzeg Affären, an d'Bezéiunge mam Europäeschen Ombudsman.[2]

2009 huet si hir Memoiren ënner dem Titel Från bruket till Bryssel: minnen från ett politiskt liv ("Vun der Millen op Bréissel: Erënnerungen un e politescht Liewen") publizéiert.

D'Anita Gradin war bestuet a Mamm vun engem Kand.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sveriges första EU-kommissionär har avlidit aftonbladet.se, 23. Mee 2022.
  2. Die Europäische Kommission: Anita Gradin