Vangelis
Vangelis | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ευάγγελος Οδυσσέας Παπαθανασίου |
Pseudonym | Vangelis, Βαγγέλης |
Gebuer |
29. Mäerz 1943 Agria |
Gestuerwen |
17. Mee 2022 15. Arrondissement |
Nationalitéit | Griicheland |
Educatioun |
Konschthéichschoul vun Athen, Lycée Léonin |
Aktivitéit | Filmkomponist, Keyboarder, Museksproduzent, Komponist, Moler |
Member vun | The Forminx, Aphrodite's Child, Jon & Vangelis |
De Vangelis, gebuer den 29. Mäerz 1943 als Ευάγγελος Οδυσσέας Παπαθανασίου (Evangelos Odysseas Papathanassiou) zu Agria bei Volos, a Griicheland, a gestuerwen de 17. Mee 2022[1], war e griichesche Komponist an ee vun de Pionéier vun der elektronescher Musek.
Säi Museksstil goung vun der New-Age-Musik bis bei d'Dark Ambient. Zu senge bekanntste Kompositiounen zielen d'Filmmmuseke vun Chariots of Fire (1982 mat engem Oscar preméiert), Blade Runner, 1492 : Conquest of Paradise an The Bounty. Vun him ass och d'Hymn vun der Foussball-Weltmeeschterschaft 2002.
De Vangelis huet seng Carrière a Griicheland mat der Popgrupp Forminx ugefaangen. Am Mee 1968 goung en op Paräis und an huet do mam Demis Roussos an dem Lucas Sideras d'Progressive-Rock-Grupp Aphrodite's Child gegrënnt.[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Vangelis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Noruff bei Reuters.com
- ↑ Sänger Demis Roussos mit 68 gestorben. Frankfurter Allgemeine Zeitung, 26. Januar 2015.